• Blog
  • Kontakt
Logo
  • Dat sinn ech
  • Mäin Engagement
  •  Mäi Beruff
  •  Zukunftsbësch
  • Meng Visioun
  • D’Bedeitung vum Glawen
  • Konscht
  • Fräizäit
  • 100 Joer Bopa
  • Zukunftsbësch
  • Kontakt
  • Politik
  • Konferenzen
  • Fräi Hochzäiten
  • Meng Veröffentlechungen
  • Events
  • Young Caritas & Co.
Logo
  • Meng Visioun
  • D’Bedeitung vum Glawen
  • Konscht
  • Fräizäit
  • 100 Joer Bopa
  • Zukunftsbësch
  • Kontakt
  • Politik
  • Konferenzen
  • Fräi Hochzäiten
  • Meng Veröffentlechungen
  • Events
  • Young Caritas & Co.
Logo
  • Ech
    • Ech a meng Visioun
    • D’Bedeitung vum Glawen
    • Konscht
    • Fräizäit
    • Kontakt
  • Mäin Engagement
    • Politik
    • Konferenzen
    • Fräi Hochzäiten
    • Meng Veröffentlechungen
    • Events
  • Mäi Beruff
    • Young Caritas & Co.
  • 100 Joer Bopa
  • Kontakt
  • Blog

Hellegowend 2018 am Stall

Och dëst Joër erem: Hellegowend am Stall! Hei sinn all Infos an ENG GROUSS NEIEGKEET. Et ginn dest Joer nämlech 2 Feieren, an et muss een sech umelden. Mee opgepasst: d'Feier vu 17h00 ass scho voll (säit dem 4.12.), dofir gëtt et eng WAARDELËSCHT. An der Feier vun 18h30 ass…

liesen

An d’Chamber gewielt

De 14.Oktober sinn ech bei de Nationalwahlen an d'Chamber gewielt ginn. Wat eng immens grouss Freed an Iwwerraschung ass, ass zugläich eng immens Verantwortung an eng ganz nei Aufgab, an déi ech mech elo aschaffe wëll. Ech spieren immens vill Vertrauen. Ganz besonnesch huet mech mäi Bopa beandrockt: well eppes mat der…

liesen

Super Artikel am Quotidien

Den 20.Dezember 2018 hat de Quotidien een immens respektvolle, schéinen Artikel iwwert mech bruecht, deen ech mat iech deele wëll. Fir si war et virun allem interessant, de roude Fuedem an d'Wäerter vum Engagement erauszefannen, dee vill méi grouss ass wéi all meng eenzel Beruffer. Hei ass och de Link:…

liesen

Meng 1.Ried an der Chamber

Mäi Wonsch ass, ee Vertrieder vun all de Leit ze sinn, grad och vun deenen Defavoriséierten. Hei ass meng 1.Ried an der Chamber, 18.Dezember 2018. Thema: REVIS an d'Upassung vun de Montanten. Längt: 5min. #demokratie #chamber #volleksvertrieder #gerechtegkeet [video width="704" height="400" mp4="http://www.paulgalles.lu/wp-content/uploads/2019/01/Seance_PaulGalles_6_18.12.2018@14.30_05.32.51-05.38.24.mp4"][/video]

liesen

Lëtzebuerger vum Joer 2018?

Villmools Merci fir d‘Nominatioun zum „Lëtzebuerger vum Joer 2018“! A fir déi mega léif Beschreiwung, déi derbäi steet. Zesumme z.B. mam Camille Gira, dem Gilles Muller, dem Superjhemp, dem Bob Jungels - dat ass scho mega cool!  Ech fannen et immens léif, dass nieft all dësen Toppleeschtungen och de sozialen a mënschlechen Asaz…

liesen

Meng Zoustännegkeeten an der Chamber

Ech sinn immens frou, dass ech vu menge Kolleg-innen aus der CSV d’Vertraue krut, fir an déi Kommissiounen ze goen, an deenen ech onbedéngt matschaffe wollt. Folgend Volete gehéieren elo zu menger parlamentarescher Aarbecht: Kooperatioun, Immigratioun an Asyl Famill an Integratioun Ëmwelt a Klima Education nationale, Enfance, Jugend, Enseignement supérieur a Recherche Aarbecht,…

liesen

De Bopa am Télécran

Den Télécran huet eng immens schéin a mega sympathesch Titelstory aus dem Bopa sengen 100 Joer gemaach!  Mat Gedichter, aale Fotoen, Familjegeschichten an engem geckegen Enkel!  Mee d‘Helde vun deser Geschicht sinn déi Dausenden fläisseg Postkaarteschreiwer!  Zesumme hu se gewise, wat méiglech ass, wann een zesummen hält.  Wéi wichteg a wärtvoll eis eeler…

liesen

Kandidat am Zentrum fir d’Chamberwahlen 2018

Dass ech gefrot gi si, fir als Kandidat am Zentrum mat der CSV mat an d'Chamberwahlen 2018 ze goen, ass fir mech eng grouss Eier. Wichteg ass mer virun allem, dass mer als Ekipp optrieden an eis zesumme fir eis Ideeën asetzen. Virun allem beandrockt mech, wéivill erfueren a motivéiert…

liesen

Meng Arbecht am Stader Gemengeroot

Säit dem 4.Dezember 2017 sinn ech Conseiller am Stader Gemengeroot, an dat an der Fraktioun vun der CSV. Et mëcht mer immens vill Spaass, ech entdecke vill Neies, an et ass och vill Arbecht. D'Wahle vum 8.Oktober 2017 si fir eis immens gutt ausgaangen, a no vill Engagement, vill Kontakt…

liesen

Mäi Bopa kritt 100 Joer

Den 21.August ass et souwäit: mäi Bopa kritt 100 Joer!  Dofir wollt ech em eng ganz besonnesch Freed maachen: an deene läschte Wochen hat ech em souvill Postkaarte wéi méiglech gefrot, aus allen Ecker vum Land a vun der Welt! Hie konnt wéinst dem Krich ni vill reesen, mee interesséiert sech fir…

liesen

Budgetsdiskussioun 2018 am Gemengeroot

De 5.Februar hu mer am Stader Gemengeroot iwwer de Budget diskutéiert. Hei ass meng Interventioun, orientéiert um grousse Sënn an un der sozialer Verantwortung vun engem Budget.   Merci, Madamm Buergermeeschter, léif KollegInnen aus dem Gemengen- a Schäfferot! Ech wëll eppes Klenges soen an 3 Punkten: méi perséinlech méi konkret eng…

liesen

Prix du citoyen européen

D’Europäescht Parlament huet mer d’läscht Joer de « Prix du citoyen européen » fir Lëtzebuerg gi fir den Asaz fir d’Flüchtlingen a besonnesch dofir, dass ech duerch Young Caritas ganz vill Jonker an déi Aarbecht abannen. Et war eng beandrockend Zeremonie, souwuel zu Lëtzebuerg wéi och zu Bréissel, wou ech fantastesch Leit aus anere Länner kennegeléiert,…

liesen

Kandidat fir d’Gemengewahlen 2017

Ech si Kandidat fir d’Wahlen an der Gemeng Lëtzebuerg-Stad op der Lëscht vun der CSV. Ech wëll domat mäin Asaz fir déi méi Schwaach, fir dat sozialt Zesummeliewen, fir déi Jonk, de Benevolat an d’Participatioun zu Prioritéite vun der Stad Lëtzebuerg maachen. Ech léiere ganz vill bäi a freeë mech iwwert all Vertrauen…

liesen

Young Caritas an Armenien

All Summer organiséiere mer bei Young Caritas europäesch « Youth exchanges » mat Erasmus plus. Dëse Summer ware mer an Armenien, wou ganz vill Flüchtlingen aus Syrien ukommen. Et sinn d’Nofahre vun deenen Armenier, déi nom Genozid 1915 a Syrien geflücht waren. Hei sinn e puer Fotoe vun dësem geniale Projet op eiser Facebook-Säit.

liesen

Economic forum of young leaders 2017

Ufank September war ech Invité op engem Panel um «Economic forum of young leaders 2017» zu Novy Sącz a Polen. Dëse Forum ass weltberühmt als «Davos fir Jonker» a versammelt 400 engagéiert Jonker. Ech konnt hinne vu mengen Erfarungen erzielen, wéi ee Mënsche fir eppes begeeschtert an se seriö hëlt. Virun allem…

liesen
© Paul Galles - mentions légales