Landing page

Home - Archive by category: Landing page

Meng 1.Ried an der Chamber

Mäi Wonsch ass, ee Vertrieder vun all de Leit ze sinn, grad och vun deenen Defavoriséierten. Hei ass meng 1.Ried an der Chamber, 18.Dezember 2018. Thema: REVIS an d’Upassung vun de Montanten. Längt: 5min. #demokratie #chamber #volleksvertrieder #gerechtegkeet
Read More

Lëtzebuerger vum Joer 2018?

Villmools Merci fir d‘Nominatioun zum „Lëtzebuerger vum Joer 2018“! A fir déi mega léif Beschreiwung, déi derbäi steet. Zesumme z.B. mam Camille Gira, dem Gilles Muller, dem Superjhemp, dem Bob Jungels – dat ass scho mega cool!  Ech fannen et immens léif, dass nieft all dësen Toppleeschtungen och de sozialen a mënschlechen Asaz fir eng lieweg Gesellschaft geéiert[...]
Read More

Meng Zoustännegkeeten an der Chamber

Ech sinn immens frou, dass ech vu menge Kolleg-innen aus der CSV d’Vertraue krut, fir an déi Kommissiounen ze goen, an deenen ech onbedéngt matschaffe wollt. Folgend Volete gehéieren elo zu menger parlamentarescher Aarbecht: Kooperatioun, Immigratioun an Asyl Famill an Integratioun Ëmwelt a Klima Education nationale, Enfance, Jugend, Enseignement supérieur a Recherche Aarbecht, Emploi a Securité sociale Petitiounen[...]
Read More

An d’Chamber gewielt

De 14.Oktober sinn ech bei de Nationalwahlen an d’Chamber gewielt ginn. Wat eng immens grouss Freed an Iwwerraschung ass, ass zugläich eng immens Verantwortung an eng ganz nei Aufgab, an déi ech mech elo aschaffe wëll. Ech spieren immens vill Vertrauen. Ganz besonnesch huet mech mäi Bopa beandrockt: well eppes mat der Bréifwahl schif gaange war, ass hie[...]
Read More

De Bopa am Télécran

Den Télécran huet eng immens schéin a mega sympathesch Titelstory aus dem Bopa sengen 100 Joer gemaach!  Mat Gedichter, aale Fotoen, Familjegeschichten an engem geckegen Enkel!  Mee d‘Helde vun deser Geschicht sinn déi Dausenden fläisseg Postkaarteschreiwer!  Zesumme hu se gewise, wat méiglech ass, wann een zesummen hält.  Wéi wichteg a wärtvoll eis eeler Leit an eis Familje sinn. 👨‍👩‍👧‍👦Wéi[...]
Read More

Meng Arbecht am Stader Gemengeroot

Säit dem 4.Dezember 2017 sinn ech Conseiller am Stader Gemengeroot, an dat an der Fraktioun vun der CSV. Et mëcht mer immens vill Spaass, ech entdecke vill Neies, an et ass och vill Arbecht. D’Wahle vum 8.Oktober 2017 si fir eis immens gutt ausgaangen, a no vill Engagement, vill Kontakt mat de Leit a mat[...]
Read More

Mäi Bopa kritt 100 Joer

Den 21.August ass et souwäit: mäi Bopa kritt 100 Joer!  Dofir wollt ech em eng ganz besonnesch Freed maachen: an deene läschte Wochen hat ech em souvill Postkaarte wéi méiglech gefrot, aus allen Ecker vum Land a vun der Welt! Hie konnt wéinst dem Krich ni vill reesen, mee interesséiert sech fir d’Geographie, besonnesch fir d’Flëss.  Dofir[...]
Read More

Prix du citoyen européen

D’Europäescht Parlament huet mer d’läscht Joer de « Prix du citoyen européen » fir Lëtzebuerg gi fir den Asaz fir d’Flüchtlingen a besonnesch dofir, dass ech duerch Young Caritas ganz vill Jonker an déi Aarbecht abannen. Et war eng beandrockend Zeremonie, souwuel zu Lëtzebuerg wéi och zu Bréissel, wou ech fantastesch Leit aus anere Länner kennegeléiert, de Martin Schulz begéint hunn[...]
Read More