Ee Stader Jong. Märel, Gaasperech, Gare, Hollerech – dat si meng Statiounen. Mat Roum a Rio ass Lëtzebuerg fir mech déi schéinste Stad vun der Welt.
Theolog a Philosoph. An enger Mathematikerfamill gebuer interesséiert mech Naturwëssenschaft enorm, virun allem d’Astronomie.
„Ech war beim läschte Space-Shuttle-Start a Florida derbäi. Beim Theologie-Studium zu Tréier an 8 Joër zu Roum wollt ech verstoën, wat nach méi wäit an héich geet wéi eng Rakéit.“
Ech hunn och nach een Zertifikat iwwert „Nachhaltige Entwicklungs-Zusammenarbeit“ an ee Fernstudium iwwert Glëck gemaach.
Ee Weltebummler. Reesen op déi 5 Kontinenter, vill vun deenen mat Jugendgruppen. Ech hunn 11 Sproochen geléiert, fir d’Mënschen ze verstoën. Meng wichtegst Rees war am Alter vun 21 Joër a Brasilien: hei hunn ech eng immens lieweg, jonk, musikalesch, danzend a sozial engagéiert kathoulësch Kierch kennegeléiert. Ech war begeeschtert.
„Ech hunn d’Liewen vun deenen Aarmen an de Favelas gedeelt a verstanen, wat hinne Kraaft gëtt. Dat huet mech erstaunt, faszinéiert a verännert.“
Säitdeem präge mech 3 Saachen: den Asaz fir déi Jonk, d’Engagement fir déi méi Schwaach, d’Faszinatioun fir d’Kraaft vun enger Iwwerzeegung, engem Glawen oder enger Begeeschterung.
Ee gleewëge Mënsch. Ech liewen dat als Chrëscht an der kathoulëscher Kierch. D’Liewen ass fir mech hellëg. Ech war 11 Joër laang Paschtouer. Ech konnt vill Gedanken iwwert de moderne Glawen an der Press deelen. De Glawen u Gott steet fir mech am Déngscht vun der Zefriddenheet vum Mënsch. De Kär vun der Relioun ass de Fridden.
Sportler a Kënschtler. Futtball, Dëschtennis, Velo, Badminton, Mountainbike, Molen, Fotograféieren, Kino – meng Aarten fir d’Liewen ze erliewen. Ech hat vill Chance am Liewen, well et mer gutt geet.
„Meng Liewensfreed wëll ech mat aneren deelen.
Ech engagéiere mech, fir dass et all Mënsch gutt geet, souwuël bei der Caritas wéi och am Privaten an an der Politik.“
Optimist, liewensfrou, iwwerzeegtënen Europäer an ee Krauselkapp. Ech gleewen un dat Gutt an ënnerstëtzen alles, wat gutt ass an d’Mënschen zesumme féiert. Ech sinn de Paul.