Mäi grousse Wonsch ass, d’Leit zesummen ze bréngen, sou dass se eng gutt Zäit erliewen an herno méi frou heem ginn. Et soll eppes si fir d’Kanner, fir d’Familljen, fir déi Eeler, fir jiddwereen. Dobäi versichen ech mat menge Kollegen, ë bëssen eppes Extraes z’organiséieren, wéi z.B. d’Chrëschtveillée op Helleg Owend an engem richtege Stall mat richtege Béischte bei engem richtege Bauer. An um Ufank vum Joer organiséieren ech da mat Frënn dee richteg coole Chrëschtbeemchen-Wäitworf, wou mer all weisen, wat mer kënnen: beim Werfen, beim Grill, beim Comptoir a beim Spenden! Virun e puer Joer hate mer am «Haus vun der Natur» och dat 1.Lëtzebuerger Pissblummefest organiséiert mat super leckerem Pissblummegebeess a wonnerbarer Pissblummenzalot.