Ech si faszinéiert vun allem, wat eis am Liewe méi staark mécht. Well ech Theolog sinn, versichen ech ganz gären, d’Thema Relioun fir d’Nolauschterer esou z’erklären, dass se iwwerrascht ginn, eng nei Perspektiv kréien an – am Fall wou se gleeweg sinn – erëm méi frou kënne gi mat hirem Glawen.
Am Moment hunn ech 3 Themen am Repertoire, zu deenen ech (op Lëtzebuergesch) schwätze kann:

1

Wild and holy – de Jesus mol eng Kéier ganz anescht a befreiend

2

Ze hëllefen ass fir mech guer keng Fro – Flüchtlingshëllef aus chrëschtlecher Perspektiv

3

All am selwechte Boot – de Poopst Franziskus rëselt d’Welt mat senger Nohaltegkeetsenzyklika «Laudato Sì»