Reesen ass oft ustrengend. Mee ech reesen trotzdeem gären, well ech d’Mënsche wëll besser verstoen a well ech entdecke wëll, wat si staark, frou an zefridde mécht. Dofir reesen ech bal ni als «rengen Tourist», mee ech sichen d’Begéinung mat de Leit. Hei gesitt der e puer Impressioune vu menge läschte Reesen.

Ausserdeem maachen ech gäre Sport: Lafen, Vëlo, Badminton, Muskulatioun,… Et verbënnt mech mat anere Mënschen. Ech hunn z.B. d’Atmosphär bei de Marathonen a bei all de Coursen immens gären, well et eng grouss Party ass!