Hellegowend 2018 am Stall

Och dëst Joër erem: Hellegowend am Stall! Hei sinn all Infos an ENG GROUSS NEIEGKEET. Et ginn dest Joer nämlech 2 Feieren, an et muss een sech umelden.

Mee opgepasst: d’Feier vu 17h00 ass scho voll (säit dem 4.12.), dofir gëtt et eng WAARDELËSCHT. An der Feier vun 18h30 ass nach genuch Plaz.

Hei geet et direkt bei d’Umeldung:

UMELDUNG

 

Em wat geet et eis am Stall?

De Flair vu Chrëschtdag erementdecken: eng kleng Chrëschtveillée mat Musek, Geschichten an engem Gebiet, gestaltet vum Linda a vum Paul, mat Musek vum Joss, fir all déi, déi
– d’Atmosphär vu Chrëschtdag gären erliewen
– familiär iwwert den Dag verhënnert sinn an owes eng kleng Stëndchen Zäit hunn
– eppes anescht erliewe wëllen, ganz originell, an engem Stall bei de Béischten, ähnlech wéi et deemols vläicht wierklech war
– sech op ganz schéin Musek freeën

 

WAT ASS DËST JOER NEI?

– Mir maachen 2 Feieren (eng um 17h00 an eng um 18h30), a mir kënne fir all Feier maximal 100 Leit eraloossen.

– GANZ WICHTEG: ET MUSS EE SECH UMELDEN! Hei ass de Site: paulgalles.wixsite.com/hellegowend

Wa mer 100 Umeldungen erreecht hunn, setze mer iech op d’Waardelëscht a soen iech Bescheed.

 

Wichteg Infos:
– Wou et genau ass: zu Fëschbëch op 6, rue Grande-Duchesse Charlotte (7430 Fëschbëch)
– Wou der parke kënnt: 2 Méiglechkeeten: entweder uewen hannert der Kierch oder bei der Entrée aus Richtung Miersch
– Sprooch: Lëtzebuergesch (mee all Sprooche si wëllkomm)
– Wat et no der “Veillée” nach gëtt: Glühwäin a waarem Mëllech direkt vun der Kou, bio a fair gestrach! ? Eis Propose: dir brëngt är eegen Taass mat, da bleiwe mer nohalteg. Wee keng derbäi huet, kritt trotzdeem ee Becher vun eis. ?

Date

Jan 23 2022
Expired!

Time

8:00 am - 6:00 pm
18 Pl. d'Armes, 1136 Luxembourg

Location

18 Pl. d'Armes, 1136 Luxembourg
18 Pl. d'Armes, 1136 Luxembourg
Category
QR Code

Add a Comment

You must be logged in to post a comment

Shopping Basket