Den 21.August 2020 ass mengem Bopa Félix säin 102.Gebuertsdag. Ech sinn immens frou mat him an hu ganz vill bei him geléiert.
Während der Coronazäit hunn der vill vun eis hir Grousselteren net gesinn. Oder vläicht sinn se scho verstuewen, mee mir droen se awer weider am Härz.
Si sinn oft wéi ee Schatz. Dat sollte mer hinne soen. Dofir ass des Idee vun engem Poesiealbum entstanen.
Wéi kann ee matmaachen? Ganz einfach an 3 Schrëtt.
1.Schrëtt:
Dir kënnt iech fir all Boma oder Bopa eng Säit vum Poesiealbum als PDF eroflueden. Entweder faarweg oder schwaarzwäiss. Et gi 4 Musteren zur Auswiel: Stil 1920er Joren, Stil 1930er Joren, Stil 1940er Joren oder Stil 1950er Joren.
Si sinn designed vum Aitana Kugeler, https://instagram.com/aitana.kugeler
2.Schrëtt:
Et wär mega, wa mer kéinte MAT eise Bomaen a Bopaen hir Säit ausfëllen. Dat gëtt bestëmmt ee lëschtege, vläicht souguer ganz perséinleche Moment! WNn een deem anere seet, wat een ëmmer schon eng Kéier soe wollt…
Mee dir kënnt se och FIR si ausfëllen, z.B. wann der net bei är Bomi oder Bopi goe kënnt oder si scho verstuewe sinn.
Natirlech kënnt der fir all Bomi a fir all Bopi eng Säit ausfëllen.
A wann der wëllt, maacht der uewen eng Foto derbäi. Eng zesummen oder eng vum Bopa oder der Boma.