Ech interesséiere mech och fir déi aner Reliounen a fir net-reliéis Philosophien a versichen, doraus ze léieren.
Ech gleewen u Gott, mee net well ech Angscht hunn, mee well ech staune kann a well et fir mech een Ausdrock vu menger Dankbarkeet ass. Gott kann een net beweisen. Mee dat, wat mech am Liewen am meeschten beandrockt, sinn Mënschen, déi gären hunn an deenen ee vertraue kann. Wann et stëmmt, dass et ka sinn, dass Gott ee Mënsch ginn ass, dee gären huet, da faszinéiert mech dat.