POLITIK

Politik mat Freed a Leidenschaft

D’Zefriddenheet steet fir mech am Mëttelpunkt. D’Zesummeliewen ass fir mech d’Geheimnis vun eiser Zefriddenheet. Et bréngt Faarf an eist Liewen. Eis Gesellschaft lieft vu géijesäiteger Solidaritéit. Dobäi betruechten ech mech als ee Bierger, deen aus der Zivilgesellschaft kënnt a seng Erfarungen an d’Politik erandréit.

Ech engagéiere mech op 3 Plazen: als Gemengeconseiller an der Stad, als Deputéierten an der Chamber an als Vizepräsident vun der CSV.

Eng lieweg, modern a flott Stad

D’Stad ass wonnerschéin. Fir des laang Geschicht mat Liewen ze fëllen, brauche mer flott Quartieren, vill Plazen fir eis ze begéinen, einfach Verkéiersmëttelen, gutt Buttécker an eng positiv Atmosphär.

Ech wënsche mer eng Stad, déi eis all gefällt an um Häerzen läit a setze mech dofir am Gemengerot an.

Soziales an Zesummeliewen

Dat bedeit fir mech zweeërlee. Zum engen d’Hëllef fir déi, déi Hëllef brauchen. 

An zum aneren: dass mer zu Lëtzebuerg dee besonneschen Don hunn, als Mënschen aus ville Natiounen, Kulturen, Reliounen a Sproochkreesser zesummenzeliewen, also “cohésion sociale” an Integratioun. 

Déi Jonk an hir Zukunft

Ech setze mech derfir an, dass déi Jonk eng eng cool Jugendzäit hunn, eng gutt a modern Ausbildung kréien an den Iwwergang zu Uni, Aarbecht, Wunneng, Partnerschaft, Famill asw. gutt hikréien. Säit iwwert 2 Jorzéngten sinn ech mat hinnen um Wee.

Klima a Nohaltegkeet

Eise Planéit gehéiert och den zukünftege Generatiounen. Mir hunn eng Kris, an déi muss elo direkt geléist ginn. Dofir sinn ech iwwerzeegt vum Konzept vun der Nohaltegkeet: dem Zesummespill vun Ökologie, Sozialem an Ökonomie. Ech versiche selwer, ëmmer méi klimaneutral ze liewen. Ech sinn zum Beispill ee begeeschterte Vëlosfuerer.

Sport

Säit Jore erliewen ech selwer, wéi gutt de Sport eis doe kann. Ech hunn d’Chance, an der Stad dierfe President vun der Sportskommissioun ze sinn (“sports et loisirs”).

Et geet em Gesondheet, Verbesserung, Integratioun, Fairness an Challenges.

D’CSV ass eng grouss Partei mat enger grousser Geschicht, impressionante Mënschen a staarken Iddiën.
Ech kann a grouss Spueren eran trieden. Als Vizepräsident engagéieren ech mech fir eis Jugendlech, fir eis Formatiounen a fir eis partizipativ Aarbechtsgruppen.
Shopping Basket