All Liewen huet Sënn, an all Mënsch huet deeselwechten onverletzleche Wäert. Ech lauschtere gären no an huelen d’Leit seriö, well ech beandrockt si vun der Liewenswäisheet vu ville Leit.
D’Zefriddenheet steet fir mech am Mëttelpunkt. D’Zesummeliewen ass fir mech d’Geheimnis vun eiser Zefriddenheet. Et bréngt Faarf an eist Liewen. Eis Gesellschaft lieft vu géijesäiteger Solidaritéit.
Mir brauchen een nohaltegen Ëmgang mat eiser Welt a mat eis selwer. An dofir hunn ech Respekt virun den Déieren, der Natur an allem, wat lieft a wat eis Liewe gëtt.
Ech wëll alles schütze, wouvu mer ofhänken: Klima an Emwelt, Sozialstaat a sozial Gerechtegkeet, Aarbecht an Engagement.