Young Caritas & Co.

Ech schaffe gäre mat Mënschen a begleeden se an hirer Entwécklung. Si sti bei mir am Mëttelpunkt, an dat mécht meng Beruffer schéin an zu enger Beruffung.

Dobäi hat ech ëmmer eng besonnesch Opmierksamkeet fir déi Jonk a fir déi méi Schwaach. Ech wëll deenen, déi net sou gutt dru sinn, hëllefen, fir u sech selwer ze gleewen.

Déi Jonk faszinéiere mech, well bei hinnen nach sou villes méiglech ass, well se nach hir Existenz forme kënnen. A si hunn et verdéngt, gutt Erfarunge mat op de Wee ze kréien a Mënschen ze begéinen, déi et gutt mat hinne mengen.

Sou hu meng Beruffer als Paschtouer an als Projektmanager bei Young Caritas derzou gefouert, dass ech mat alle Generatiounen an alle méigleche Situatiounen ze di krut, einfach mam Liewen.

Young Caritas Lëtzebuerg

Young Caritas ass ee Programm vun der Caritas fir den Engagement vun de Jugendleche fir Mënschen a prekäre Situatiounen. Ech hat d’Chance, säit 2011 de "Bénévolat solidaire" mat opzebauen. Nieft deem Beräich hu mer och nach eis Kolonien an d’Formatioune souwéi eist Spillmobil. A natierlech ee super Team!

Young Caritas in Europe

D’Konzept vu Young Caritas gëtt et schon a 6 Länner: Schwäiz, Éisträich, Italien (Südtiroul), Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg. Dës 6 Partner schaffe vill zesummen, virun allem mat der Ënnerstëtzung vun Erasmus plus. Ech versichen, bei der Koordinatioun ze hëllefen. 20 aner Länner sinn interesséiert.

Young Caritas Worldwide

Caritas Internationalis zu Roum versicht, ee weltwäit Netzwierk fir all Caritas-Jugendgruppen opzebauen a gemeinsam Aktiounen ze starten. Ech sinn dobäi mat engem englesche Kolleg ee vun zwee europäesche Vertrieder fir ee weltwäit Netz vu Solidaritéit vun deene Jonken.


Paschtouer

Ech war 11 Joer laang Paschtouer: fir d’éischt vu 1999 bis 2004 zu Roum an dono vun 2004 bis 2010 zu Lëtzebuerg. Eise Bëschof, de Mgr. Fernand Franck, huet mech de 25.Abrëll 1998 zu Roum zum Diakon an de 26.Juni 1999 an der Kathedral zum Priister geweit. Virdrun hat ech 5 Joer laang Theologie studéiert zu Tréier an zu Roum.


Zu Roum hunn ech no der Priisterwei nach meng Lizenz a mäin Doktorat gemaach, ech war «sous-directeur» vun eisem däitsche Seminär, dem «Germanicum-Hungaricum», an hunn am «Grousse Jubiläum 2000» fir déi Jonk matgeschafft, och fir d’Organisatioun vun de JMJ 2000 mat iwwert 2 Millioune Jugendlechen. Während menger Lëtzebuerger Zäit war ech virun allem als «curé adjoint» zu Esch/Uelzecht, wou et mer immens gutt gefall huet, mir hunn déi berühmt Jugendkierch «Pimp my church» lancéiert, ech war Responsabel fir d’«Pastorale des vocations» an d’«Pastorale des Jeunes» an hunn an 2 Lycéeë Coure gehalen.


Paschtouer war fir mech een immens intensiven an immens schéine Beruff. Ech konnt an alle frouen a schwierege Situatioune bei de Mënsche vum Bebe bis zum eelere Mënsch derbäi sinn. An ech gouf dobäi ëmmer ëm ee Wuert vun Hoffnung an ëm Bäistand gefrot. Dat war immens emouvant. Sou konnt ech immens, immens, immens vill Mënschen a ville Länner kenneléieren a versichen, hinnen eng Gutt Noriicht mat op hire Liewenswee ze ginn.
Ech hunn 2010 opgehalen aus engem ganz romantesche Grond: wéinst der Léift.

Awards

An der Läscht krut ech mat menge Jonke wéinst mengem Beruff eng Rei ganz schéi Präisser, déi eis all immens frou gemaach hunn:

2016 – krut ech zu Lëtzebuerg de «Prix du citoyen européen» fir mäin Engagement mat de Jugendlechen fir d’Flüchtlingen.

Hei ass d’Begrënnung

2017 – krut Young Caritas de Lëtzebuerger Jugendpräis an der Kategorie « Sozial responsabel » fir de Projet « Living libraries »: Mënschen, déi hu missten hiert Land verloossen, gi mat eis an d’Lycéeën, fir de Schüler a Schülerinne vun hiren Erfarungen z’erzielen an esou Barrièren ofzebauen!

2017 – war Young Caritas fir de Jugendgrupp «If the boat is full» de Lëtzebuerger Kandidat fir de Jugendkarlspräis zu Oochen. An deem Grupp komme lauter Jonker zesummen, déi sech fir d’Flüchtlingen engagéieren, z.B. andeems se mat hinnen Ausflich organiséieren. All Jonken ass an deem Grupp wëllkomm!

Shopping Basket