Ech versichen duerch d’Molen an d’Fotograféieren, d’Faarwen erëm e bëssen zum Virschäin ze bréngen an eis rem staunen ze loossen iwwert d’Schéinheet an d’Detailer vum Liewen. D’Molen hëlleft mer awer och, meng Liewenssituatiounen ze verschaffen, gudder a manner gudder.
Ech hunn och schon op Optrag gemoolt a Biller verkaf. Wann den Optrag mer gefält, loossen ech mech gären dervun erausfuerderen.