Ech reesen immens gären, well ech d’Mënsche wëll besser verstoen a well ech entdecke wëll, wat si staark, frou an zefridde mécht. Dofir reesen ech bal ni als "rengen Tourist", mee ech sichen d’Begéinung mat de Leit.
Ausserdeem maachen ech gäre Sport: Lafen, Vëlo, Badminton, Muskulatioun… Et verbënnt mech mat anere Mënschen. Ech hunn z.B. d’Atmosphär bei de Marathonen a bei all de Coursen immens gären, well et eng grouss Party ass!
Dat Schéinst a menger fräier Zäit ass d’Zäit mat der Famill. Do huet de Bopa a leschter Zäit eng grouss Roll gespillt. Fir seng 100 Joer krut hien iwwert 2500 Postkaarten aus der ganzer Welt, fir säin 101.Gebuertsdag gouf ee Bongert mat 101 Uebstbeem geplanzt, fir seng 102 Joer hu Kanner aus dem ganze Land eelere Leit wärend der Coronakris geschriwwen, a fir säin 103.Gebuertsdag krut en iwwert 1000 Fotoe vun de Leit hire Gärt.