Ee Stader Jong. Märel, Gaasperech, Gare, Hollerech – dat si meng Statiounen. Mat Roum a Rio ass Lëtzebuerg fir mech déi schéinste Stad vun der Welt.
Theolog a Philosoph. An enger Mathematikerfamill gebuer interesséiert mech Naturwëssenschaft enorm, virun allem d’Astronomie. Beim Theologie-Studium zu Tréier an zu Roum wollt ech mech mat der gréisster Fro vun der Mënschheet ausenaner setzen: Gott, Liewen, Léift, Sënn, Gerechtegkeet, Verantwortung.
Ech hunn och nach een Zertifikat iwwert „Nachhaltige Entwicklungs- Zusammenarbeit“, ee Fernstudium iwwert Glëck an eng Ausbildung zum Coach gemaach.
Weltebummler
Reesen op déi 5 Kontinenter, vill vun deenen mat Jugendgruppen. Ech hunn 11 Sproochen geléiert, fir d’Mënschen ze verstoën. Meng wichtegst Rees war am Alter vun 21 Joër a Brasilien. Ech hunn d’Liewen vun deenen Aarmen an de Favelas gedeelt a verstanen, wat hinne Kraaft gëtt. Dat huet mech erstaunt, faszinéiert a verännert.
Säitdeem präge mech 3 Saachen: den Asaz fir déi Jonk, d’Engagement fir déi méi Schwaach, d’Faszinatioun fir d’Zesummeliewen.
Sportler a Kënschtler
Futtball, Dëschtennis, Velo, Badminton, Mountainbike, Molen, Fotograféieren, Kino – meng Aarten fir d’Liewen ze erliewen. Ech hat vill Chance am Liewen, well et mer gutt geet.
Meng Liewensfreed wëll ech mat aneren deelen.
Ech engagéiere mech, fir dass et all Mënsch gutt geet.
Optimist, liewensfrou, engagéierten Europäer. Ech gleewen un dat Gutt an ënnerstëtzen alles, wat gutt ass an d’Mënschen zesumme féiert.
Politiker
Ech sinn ee Bierger, deen sech politesch engagéiert. Ech sinn iwwerzeegt, dass mer all gutt a gerecht kënnen zesumme liewen: Mënschen, Nationalitéiten, Kulturen, Länner, am Respekt fir Natur an Ëmwelt.
Mir brauchen Iddien a Visioune fir eng gutt Welt vu muer.
Dofir setzen ech mech an: national als Deputéierten an der Chamber, kommunal als Conseiller am Stater Gemengerot.