Meng politesch Prioritéiten

Politik mat Freed a Leidenschaft

null

D’Freed um Engagement an d’Leidenschaft fir d’Zefriddenheet vun all Mënsch motivéiere mech. Ech wëll dozou bäidroen, eng méi gerecht Welt ze gestalten. An dat maachen ech vun Häerz. Et geet mer em Déngscht a Gestaltung, Lauschteren an Zesummeschaffen.
Dobäi betruechten ech mech als ee Bierger, deen aus der Zivilgesellschaft an dem Engagement kënnt a seng Erfarungen an d'Politik erandréit, fir e bëssen zu enger méi gerechter Welt bäizedroen.

Soziales an Zesummeliewen

null

Dat bedeit fir mech zweeërlee. Zum engen d’Hëllef fir déi, déi Hëllef brauchen. An zum aneren: dass mer zu Lëtzebuerg dee besonneschen Don hunn, als Mënschen aus ville Natiounen, Kulturen, Reliounen a Sproochkreesser zesummenzeliewen. Béides wëll ech ënnerstëtzen.

Déi Jonk an hir Zukunft

null

Säit zwee Joerzéngte schaffen ech mat de Jugendlechen, huelen se seriö a versichen, hinne Selbstvertrauen a gutt Erfarunge mat op de Wee ze ginn. Dofir setzen ech mech an, dass se eng eng cool Jugendzäit hunn, eng gutt a modern Ausbildung kréien an den Iwwergang zu Uni, Aarbecht, Wunneng, Partnerschaft, Famill asw. gutt hikréien.

Nohaltegkeet

null

Ech wëll net zu deene gehéieren, iwwer déi herno gesot gëtt, dass se eis Welt futti gemaach hunn. Dofir gleewen ech un d’Konzept vun der Nohaltegkeet, versiche selwer esou ze liewen, sinn ee fervente Vëlosfuerer an der Stad a versichen, all Mënschen zur Nohaltegkeet ze motivéieren.

Partizipatioun

null

Et geet net duer, dass mer all puer Joer gefrot ginn, eis Stëmm ofzeginn, an da gëtt vu «Wielerwëllen» geschwat. A während all deene Joren? Ech wëll, dass mer all gefrot ginn. Ech wëll dofir Plaze schafen, z.B. ee Jugendgemengerot oder regelméisseg Quartiersbegehungen, wou mer eis Wënsch äusseren, déi och wierklech an d’Politik afléissen!

Sport

null

Säit Jore gesinn ech, wéi gutt de Sport eis doe kann. Vill Mënsche léieren, erëm u sech selwer ze gleewen. Ech selwer hunn ëmmer vill Sport gemaach a maachen es ëmmer nach. An ech hunn d’Chance, an der Stad dierfe President vun der Sportskommissioun ze sinn («sports et loisirs»). Ech wënsche mer, dass jiddwereen, dee wëllt, d’Méiglechkeet fënnt, sech am Sport ze verwierklechen.

Woufir Politik a woufir CSV?

Ech hu mech als éischt gefrot, ob ech mech politesch engagéiere wëll, an dunn, wat fir eng Partei bei mech passt. Ech hunn nämlech vill Frënn aus ville Parteien, déi ech all respektéieren a vun deenen ech vill léieren.
Ech hunn de Schrëtt an ee politescht Engagement gewot, obwuel ech vill ofgerode krut. Anerer hunn awer gesot: «Sou Mënsche wéi dech brauche mer!» Ech wëll dozou bäidroen, dass déi politesch Gestaltung wierklech am Déngscht vun de Leit steet: dass et ëm d’Ideeën an ëm d’Vertraue geet, dass nei a méi jonk Stëmme bäikommen, an dass et drëms geet, dass mer all gemeinsam entscheeden!
D’CSV passt gutt bei mech: den C, well ech ee modernen, inspiréierte chrëschtleche Glawe liewen an déi Wäerter zäitgeméiss interpretéieren; den S, well ech immens sozial denken an d’Wuel vun alle Mënschen, deem Räichen an deem Äermsten, deem Stäerksten an deem Schwächsten, am Aa hunn; an de V, well ech immens volleksno sinn, d’Mënsche gären hunn, gäre laachen, nolauschteren an austauschen.

Säit dem 30.Oktober 2018 an der Chamber

Dass ech gefrot gi si, fir als Kandidat am Zentrum mat der CSV mat an d’Chamberwahlen 2018 ze goen, war fir mech eng grouss Éier a super Erfarung. Wichteg war mer virun allem, dass mer als Ekipp opgetrueden an eis zesumme fir eis Ideeën agesat hunn. An ech war immens frou, dass eise Spëtzekandidat de Claude Wiseler war, deen ech an all deene läschte Méint a Joren als immens kompetent, informéiert, waarmhärzeg, mënschlech, zougänglech, fair a motivéiert erlieft hunn.
De 14.Oktober 2018 sinn ech am Bezierk Zentrum op der Lëscht vun der CSV an d’Chamber gewielt ginn. Et war een Owend mat gemëschte Gefiller: Freed iwwert dat immens iwwerraschend perséinlecht Resultat, Trauregkeet iwwer d’Resultat vun der CSV an dass vill vu menge Kolleg-innen net era komm sinn.
Ëmsou méi sinn ech mer bewosst, dass ech an der Chamber aner Mënsche vertrieden: net eleng meng Partei a meng Kolleg-innen, net eleng all eis Wieler, mee all d’Mënschen zu Lëtzebuerg, egal ob se wiele gaange sinn oder net, egal wien oder wat se gewielt hunn, egal vu wou se kommen. Ech wëll versichen, dat Soziaalt, d’Stëmm vun deenen Aarmen, d’Integratioun an d’Nohaltegkeet, mee och déi Jonk an déi demokratesch Participatioun z’ënnerstëtzen. An ech wäert hei op menger Homepage mat iech dee gemeinsame Wee deelen.

Säit 2017 am Gemengeroot an der Stad

Et war eng Freed, Deel vun enger richteg flotter, dynamescher Ekipp an der Stad ze sinn an ee Spëtzekandidat z’ënnerstëtzen, dee mech duerch säi Wëssen, seng Kompetenz, seng Teamfäegkeet a seng Ausstralung iwwerzeegt huet. No de Gemengewahlen 2017 si mer als CSV Stad Deel vun der Majoritéit. Fir mech ass et eng Eier an eng grouss Verantwortung, Member vum Gemengeroot ze sinn an an de Kommissioune fir Sport a Loisirs, Soziales an d'Schoul matzeschaffen.

Mäin Asaz fir politesch Bildung

Politesch Bildung huet näischt mat engem parteipoliteschen Engagement ze dinn, mee ass fir eis all. Et geet drëms, een informéierten a verantwortungsvolle mëndege Bierger ze sinn. Et geet drëms, dass all Bierger de Souverän vun enger Demokratie ass an dofir déi Demokratie him oder hir uvertraut ass. Déi Éier an déi Aufgab ze verstoen ass d’Missioun vun der politescher Bildung.
Op 2 Plaze konnt ech déi Aufgab am Verwaltungsrot ëmsetzen:
1. Ronn 2 Joer laang war ech am Verwaltungsrot vum «Zentrum fir politesch Bildung», wou mer eng richteg spannend Pionéieraarbecht fir Lëtzebuerg maache konnten. Fir net an een «conflit d’intérêts» ze kommen, hunn ech no menger Wiel an d’Chamber demissionéiert.

2. Ech si weiderhin am Verwaltungsrot vun der Erwuessebildung, déi säit Joerzéngten op innovativ a fräi Aart a Weis Bildung iwwer Relioun, Spiritualitéit a Medien ubitt, also lauter héichaktuell Themen!