Ech sinn immens frou, dass ech vu menge Kolleg-innen aus der CSV d’Vertraue krut, fir an déi Kommissiounen ze goen, an deenen ech onbedéngt matschaffe wollt. Folgend Volete gehéieren elo zu menger parlamentarescher Aarbecht:
- Kooperatioun, Immigratioun an Asyl
- Famill an Integratioun
- Ëmwelt a Klima
- Education nationale, Enfance, Jugend, Enseignement supérieur a Recherche
- Aarbecht, Emploi a Securité sociale
- Petitiounen
- Bei de «commissions réglementaires» sinn ech an der « commission des comptes ».
- An op internationalem Plang sinn ech nach am «Conseil parlementaire interrégional».
Soziales, Nohaltegkeet, Jugend, Kontakt mam Bierger, demokratesch Participatioun – ech freeë mech drop!