Den Télécran huet eng immens schéin a mega sympathesch Titelstory aus dem Bopa sengen 100 Joer gemaach!
Mat Gedichter, aale Fotoen, Familjegeschichten an engem geckegen Enkel!
Mee d‘Helde vun deser Geschicht sinn déi Dausenden fläisseg Postkaarteschreiwer! Zesumme hu se gewise, wat méiglech ass, wann een zesummen hält.
Wéi wichteg a wärtvoll eis eeler Leit an eis Familje sinn.
????Wéi gäre mer anere Mënschen eng Freed maachen an dobäi och ganz Perséinleches deelen.
Kuckt iech dem Bopa säi Laachen un – et ass iech ze verdanken!
Hei fannt der d‘Weltkaart, de Mosaik an d‘Kaarten: http://www.paulgalles.lu/100-joer-bopa/
#1000kaarten #100joer #1000kaartefir100joer #happybirthdaybopa
Hellegowend 2018 am Stall
Och dëst Joër erem: Hellegowend am Stall! Hei sinn all Infos an ENG GROUSS NEIEGKEET. Et ginn dest Joer nämlech 2 Feieren, an et muss een sech umelden. Mee opgepasst: d’Feier vu 17h00 ass scho voll (säit dem 4.12.), dofir gëtt et eng WAARDELËSCHT. An der Feier vun 18h30 ass nach genuch Plaz.
Hei geet et direkt bei d’Umeldung: UMELDUNG
Em wat geet et eis am Stall?
De Flair vu Chrëschtdag erementdecken: eng kleng Chrëschtveillée mat Musek, Geschichten an engem Gebiet, gestaltet vum Linda a vum Paul, mat Musek vum Joss, fir all déi, déi
– d’Atmosphär vu Chrëschtdag gären erliewen
– familiär iwwert den Dag verhënnert sinn an owes eng kleng Stëndchen Zäit hunn
– eppes anescht erliewe wëllen, ganz originell, an engem Stall bei de Béischten, ähnlech wéi et deemols vläicht wierklech war
– sech op ganz schéin Musek freeën
WAT ASS DËST JOER NEI?
– Mir maachen 2 Feieren (eng um 17h00 an eng um 18h30), a mir kënne fir all Feier maximal 100 Leit eraloossen.
– GANZ WICHTEG: ET MUSS EE SECH UMELDEN! Hei ass de Site: http://paulgalles.wixsite.com/hellegowend
Wa mer 100 Umeldungen erreecht hunn, setze mer iech op d’Waardelëscht a soen iech Bescheed.
Wichteg Infos:
– Wou et genau ass: zu Fëschbëch op 6, rue Grande-Duchesse Charlotte (7430 Fëschbëch)
– Wou der parke kënnt: 2 Méiglechkeeten: entweder uewen hannert der Kierch oder bei der Entrée aus Richtung Miersch
– Sprooch: Lëtzebuergesch (mee all Sprooche si wëllkomm)
– Wat et no der “Veillée” nach gëtt: Glühwäin a waarem Mëllech direkt vun der Kou, bio a fair gestrach! Eis Propose: dir brëngt är eegen Taass mat, da bleiwe mer nohalteg. Wee keng derbäi huet, kritt trotzdeem ee Becher vun eis.
Mäi Bopa kritt 100 Joer
Den 21.August ass et souwäit: mäi Bopa kritt 100 Joer! Dofir wollt ech em eng ganz besonnesch Freed maachen: an deene läschte Wochen hat ech em souvill Postkaarte wéi méiglech gefrot, aus allen Ecker vum Land a vun der Welt! Hie konnt wéinst dem Krich ni vill reesen, mee interesséiert sech fir d’Geographie, besonnesch fir d’Flëss.
Dofir hunn d’Leit mat drop geschriwwen, wat fir eng Baach oder Floss bei hinne laanscht leeft.
A wësst der, wat geschitt ass?! D’Chance sti gutt, dass mer op ronn 2000 Kaarten aus der ganzer Welt kommen!! Hei ass de Link zur Facebook-Grupp, an där ech all Kaarten posten: www.facebook.com/events/200236727358976
An hei ass virun allem de Link zu enger Weltkaart, op där der gesitt, wou d’Kaarten iwwerall hirkommen a wat fir eng Flëss beschriwwe sinn: http://www.paulgalles.lu/100-joer-bopa/
Vläicht och, well ech gesot hat, dass ech fir all Postkaart perséinlech 1€ spende fir sozial Projete mat eelere Leit. 😀 Well vill Leit gefrot hunn, ob se zousätzlech eppes bäileeë kënnen, hunn ech eng Leetchi-Spendenkëscht gestart: “Zesumme fir d’Generatioun Bopa“, www.leetchi.com/c/zesumme-fir-dgeneratioun-bopa.
Economic forum of young leaders 2017
Ufank September war ech Invité op engem Panel um «Economic forum of young leaders 2017» zu Novy Sącz a Polen. Dëse Forum ass weltberühmt als «Davos fir Jonker» a versammelt 400 engagéiert Jonker. Ech konnt hinne vu mengen Erfarungen erzielen, wéi ee Mënsche fir eppes begeeschtert an se seriö hëlt. Virun allem hunn ech vill interessant Leit begéint a gemierkt, mat wéi vill Freed déi Jonk hir Responsabilitéit eescht huelen.