An d’Chamber gewielt

De 14.Oktober sinn ech bei de Nationalwahlen an d’Chamber gewielt ginn. Wat eng immens grouss Freed an Iwwerraschung ass, ass zugläich eng immens Verantwortung an eng ganz nei Aufgab, an déi ech mech elo aschaffe wëll. Ech spieren immens vill Vertrauen. Ganz besonnesch huet mech mäi Bopa beandrockt: well eppes mat der Bréifwahl schif gaange war, ass hie mat sengen 100 Joer op Wahlsonndeg mam Rollator a seng Gemeng getrëppelt an huet do gewielt.

Ech freeë mech drop a brénge meng Erfarunge mat. Ech wäert versichen, deenen eng Stëmm ze ginn, déi oft keng hunn. An et ass mer besonnesch wichteg, un eis Jonk ze denken, Nohaltegkeet konsequent seriö ze huelen a mengen 3 Grondwäerter trei ze bleiwen: der absoluter Würd vun all Persoun, der Solidaritéit vun der Gesellschaft an dem Schutz vun eiser Ëmwelt a Matwelt.

Wat d’Politik am grousse Ganze mer bedeit, hunn ech versicht, hei ze beschreiwen.

Super Artikel am Quotidien

Den 20.Dezember 2018 hat de Quotidien een immens respektvolle, schéinen Artikel iwwert mech bruecht, deen ech mat iech deele wëll. Fir si war et virun allem interessant, de roude Fuedem an d’Wäerter vum Engagement erauszefannen, dee vill méi grouss ass wéi all meng eenzel Beruffer.
Hei ass och de Link: http://www.lequotidien.lu/politique-et-societe/paul-galles-depute-csv-un-nouveau-sacerdoce-pour-lancien-pretre/

Lëtzebuerger vum Joer 2018?

Villmools Merci fir d‘Nominatioun zum „Lëtzebuerger vum Joer 2018“! A fir déi mega léif Beschreiwung, déi derbäi steet.
Zesumme z.B. mam Camille Gira, dem Gilles Muller, dem Superjhemp, dem Bob Jungels – dat ass scho mega cool! Ech fannen et immens léif, dass nieft all dësen Toppleeschtungen och de sozialen a mënschlechen Asaz fir eng lieweg Gesellschaft geéiert gëtt.
Ech wäert mech selwer net stëmme, well vill méi impressionnant „Helden“ derbäi sinn. Mee falls ech eng vun den 3 Medailen kréien, wäert ech se mengem 100-järege Bopa ginn. Hien ass mäi ganz perséinlechen Held 2018.

Hei ass de Link fir op de Voting vum RTL.

Merci iech all!
#letzebuergervumjoer2018 #letzebuergerinvumjoer2018 #bettertogether

Meng-Commissiounen

Meng Zoustännegkeeten an der Chamber

Ech sinn immens frou, dass ech vu menge Kolleg-innen aus der CSV d’Vertraue krut, fir an déi Kommissiounen ze goen, an deenen ech onbedéngt matschaffe wollt. Folgend Volete gehéieren elo zu menger parlamentarescher Aarbecht:

  • Kooperatioun, Immigratioun an Asyl
  • Famill an Integratioun
  • Ëmwelt a Klima
  • Education nationale, Enfance, Jugend, Enseignement supérieur a Recherche
  • Aarbecht, Emploi a Securité sociale
  • Petitiounen
  • Bei de «commissions réglementaires» sinn ech an der « commission des comptes ».
  • An op internationalem Plang sinn ech nach am «Conseil parlementaire interrégional».

Soziales, Nohaltegkeet, Jugend, Kontakt mam Bierger, demokratesch Participatioun – ech freeë mech drop!

telecran2-e1535996756737

De Bopa am Télécran

Den Télécran huet eng immens schéin a mega sympathesch Titelstory aus dem Bopa sengen 100 Joer gemaach!  Mat Gedichter, aale Fotoen, Familjegeschichten an engem geckegen Enkel! 
Mee d‘Helde vun deser Geschicht sinn déi Dausenden fläisseg Postkaarteschreiwer!  Zesumme hu se gewise, wat méiglech ass, wann een zesummen hält.  Wéi wichteg a wärtvoll eis eeler Leit an eis Familje sinn. ?‍?‍?‍?Wéi gäre mer anere Mënschen eng Freed maachen an dobäi och ganz Perséinleches deelen.  Kuckt iech dem Bopa säi Laachen un – et ass iech ze verdanken! 
Hei fannt der d‘Weltkaart, de Mosaik an d‘Kaarten: http://www.paulgalles.lu/100-joer-bopa/
#1000kaarten #100joer #1000kaartefir100joer #happybirthdaybopa

Meng Arbecht am Stader Gemengeroot

Säit dem 4.Dezember 2017 sinn ech Conseiller am Stader Gemengeroot, an dat an der Fraktioun vun der CSV. Et mëcht mer immens vill Spaass, ech entdecke vill Neies, an et ass och vill Arbecht.

D’Wahle vum 8.Oktober 2017 si fir eis immens gutt ausgaangen, a no vill Engagement, vill Kontakt mat de Leit a mat engem flotte Programm hu mer 2 Sëtz bäigewonnen a konnte mat der DP an d’Koalitioun goen. Hei fannt der d’Resultater vun de Wahlen: https://elections.public.lu/fr/elections-communales/2017/resultats/communes/luxembourg.html Ech sinn “auf Anhieb” an de Gemengeroot gewielt ginn, wat mech immens frou gemaach huet, wat awer och eng grouss Eier a Verantwortung ass. Merci fir dat grousst Vertrauen!

An de Gemengerootssëtzungen engagéieren ech mech virun allem fir all sozial Themen, fir Partizipatioun a Jugend, fir d’Veräiner an de Sport, fir d’Schoul an d’Nohaltegkeet. Et ass mer wichteg, dass ech versiche, bescheiden ze sinn a vill nolauschteren, d’Positiounen vun all Mënsch seriö ze huelen, an den Dossieren vill Neies bäizeléieren, mat deenen Informatiounen responsabel an intelligent ëmzegoen an ëmmer méi meng Akzenter ze setzen.

Ech hu vill Chance, dass ech zu enger Fraktioun gehéieren, déi ech als dynamesch, opgeschloss, verjëngt a motivéiert erliewen. De Serge Wilmes als Eischte Schäffen an d’Isabel Wiseler-Lima an de Laurent Mosar als weider Membere vum Schäfferoot vertrieden eis Interessien op eng staark Aart a Weis. Eise Fraktiounsspriecher, de Maurice Bauer, huet mer de Wee an déi nei Aufgaben bereet a mer den Astiig ganz liicht gemaach. Ech sëtzen am Gemengeroot tëscht dem Claudine Konsbrück an dem Elisabeth Margue, wou ech hinne vill iwwer d’Schëller kucke kann a mer vill austausche kënnen. Hei gesitt der eis Fraktioun: https://stad.csv.lu/fr/partei/gemengerot/

An de Kommissiounen dierf ech Präsident vun “sports et loisirs” a Vize-Präsident vun der Sozialkommissioun sinn. Ausserdeem sinn ech nach an der Schoulkommissioun. Et ass vill wärt, an deem Kontext déi eenzel Servicer kennenzeléieren an hir Prioritéiten ze verstoen. Ech vertrieden eis Gemeng och nach am Syndikat vum SIDOR.

Ganz vill Spaass maache mer déi Geleeënheete, wou mer d’Leit an der Stad direkt treffen: bei Aweiungen, Visiten, Besichtegungen etc. Fir mech ass et och eng ganz besonnesch grouss Eier, dass ech an der Stad als Gemengeconseiller d’Leit bestueden dierf. Do kommen ech mat ville Familjen a Kontakt a kréie vill Gespréich iwwert hir Erwaardungen an Erfahrunge mat der Stad.

Fir weider Informatiounen: https://www.vdl.lu/la-ville/vie-politique/conseil-communal/membres/paul-galles

IMG_3490

Kandidat am Zentrum fir d’Chamberwahlen 2018

Dass ech gefrot gi si, fir als Kandidat am Zentrum mat der CSV mat an d’Chamberwahlen 2018 ze goen, ass fir mech eng grouss Eier. Wichteg ass mer virun allem, dass mer als Ekipp optrieden an eis zesumme fir eis Ideeën asetzen. Virun allem beandrockt mech, wéivill erfueren a motivéiert Mënsche bei eis op der Lëscht sinn. An ech sinn immens frou, dass eise Spëtzekandidat de Claude Wiseler ass, deen ech an all deene läschte Méint a Joren als immens kompetent, informéiert, waarmhärzeg, mënschlech, zougänglech, fair a motivéiert erlieft hunn. Wat kann ech mer méi wënschen fir esou eng immens wichteg a nei Erfahrung?!

Mir perséinlech ass et wichteg, dass d’Leit sech op eis verloosse kënnen, dass mer een detailléierten, kohärenten a staarke Plang fir Lëtzebuerg ausgeschafft hunn, dass mer ee faire Wahlkampf féieren an d’Leit an d’Ideeë vun deenen anere Parteien ze respektéieren an ze schätze wëssen. Politik ass kee Selbstzweck, mee een Dingscht. Dat hunn ech als Liewenshaltung geléiert, an dat wëll ech souwuel am Sozialen wéi och am Politesche liewen.

Méi Infos zu eisem Plang fir Lëtzebuerg, un deem mer zesumme geschafft hunn an un deem ech och matschaffen duerft, fannt der hei: csv.lu/wahlen-2018/

A méi zu mengen eegene politesche Prioritéiten fannt der hei: http://www.paulgalles.lu/politik/

IMG_1726

Budgetsdiskussioun 2018 am Gemengeroot

De 5.Februar hu mer am Stader Gemengeroot iwwer de Budget diskutéiert. Hei ass meng Interventioun, orientéiert um grousse Sënn an un der sozialer Verantwortung vun engem Budget.

Merci, Madamm Buergermeeschter, léif KollegInnen aus dem Gemengen- a Schäfferot!

Ech wëll eppes Klenges soen an 3 Punkten:

  1. méi perséinlech
  2. méi konkret
  3. eng kleng Conclusioun

1.Ech hunn immense Respekt virun dësem Exercice a virun deene Leit, déi vill dru geschafft hunn, woufir ech hinne wëll häerzlech Merci soen. Nach ni a mengem zimlech beweegte Liewen hat ech d’Recht, d’Flicht an d’Verantwortung, iwwert souvill Sue mat ze diskutéieren an z’entscheeden.

Dofir wëll ech et kuerz an dee Kontext stellen, aus deem eraus ech als Newcomer des Budgetsdiskussiounen erliewen. Ech hunn oft genuch a Länner an op Plaze matgelieft, an deenen d’Leit kee Su hunn oder wou et hinnen u villem feelt. Dat huet mech a meng Vue op d’Liewen verännert. Wat mech an dësen Deeg dofir besonnesch beandrockt, ass, wat fir eng immens Chance mir hunn, kënnen hei an der Stad op esou enorm grouss finanziell Ressourcen zréckzegräifen! An dann ass et fir mech selbstverständlech, dass mer eis Gedanke maachen, wéi mer dëse grousse favorable Makrokontext schütze kënnen, wéi de Maurice Bauer an de Laurent Mosar et an hiren Interventiounen däitlech gemaach hunn.

Iwwerhaapt waren hir Reflektiounen zur Finanzplaz an zur globaler Finanzlag fir mech immens interessant. Bis elo hunn ech ee Budget ëmmer virun allem ënnert deem Aspekt gekuckt, wat een domat alles bewierke kann. Hei gesinn ech, wéi wichteg et ass, en ofzesécheren. Ech nennen dat einfach mol Realpolitik.

Déi finanziell Mëttelen, déi mer der Stad ginn, déngen derzou, ee Kontext opzebauen, an deem d’Mënschen, fir déi mer eng Verantwortung hunn, sech kënnen entfalen a kënnen zefridden a glécklech liewen. Domat hu mer eng immens grouss Responsabilitéit, wéi ech fannen. Mee dat mécht och erëm bewosst, wat d’Stäerkten an d’Grenze vun engem Budget sinn. Seng Stäerkten: dass mer mat dëse finanzielle Mëttelen eng ganzer Rei Mënsche vill Suerge kënnen ewech huelen (an dat kënnen der immens, immens vill sinn, op déi mer musse ganz opmierksam bleiwen) an dass mer de Mënschen d’Bedingunge ginn, fir dass se sech an der Stad wuel fillen. Fir dass se gären hei liewen. An do schéngt hannert dem Budget fir mech dat grousst Zil op, vläicht déi grouss Visioun, hoffentlech keng Utopie, déi hannen um Enn eben net méi kann an Zuelen an an Euroe gefaasst ginn: nämlech ee frout Zesummeliewen, sou eppes wéi eng grouss Communautéit ze sinn; wou mer d’Stad erliewen als eng Heemecht, an där all Mënsch wëllkomm ass: eng Stad, an där et keng sozial Ongerechtegkeete gëtt, wou déi besser Situéiert och gären a fräiwëlleg mat un déi denken, déi am Liewe manner Chance haten. Eng Stad, déi dozou motivéiert, sech wëlle fir d’Zesummeliewen z’engagéieren. An da si mer op eemol bei all deene Saachen, déi sou ee Budget och erméigleche soll, ouni dass se nach mat Suen opzeweie sinn: all Ouer, wat nolauschtert, all Hand, déi gereecht gëtt, all Laachen a Moien-Soen, all Idee an all Benevolat an all Participatioun, asw. an sou virun, alles – wéi de Fernand Wark géif soe – wat d’Liewe liewenswäert mécht.

2. Zu den Zuelen am Budgetsentworf an zu deene Beräicher, déi mech besonnesch concernéieren: Soziales, Jugend a Sport.

Ech hunn dat Soziaalt eraus gelies aus der Budgetsfonctioun « Protection sociale » mat zum Beispill de Budgetsposten «Seniors», «Intervention sociale», «Intégration » a « Jeunesse », an aus der Budgetsfonctioun «Logements». Ech picken e puer Saachen eraus.

Bei «Seniors» ginn ech dervun aus, dass d’«Honoraires de consultance externe » sech op eng Etüd fir den Téléalarme bezéien a wollt froen, ob ech domat richteg leien a wat genau studéiert gëtt. D’Moderniséierung vun den Zëmmeren am Konviktsgaart geet virun; dat ass absolut begréissenswäert.

Zur «Jeunesse»: déi 25.000€, déi am Budget 2017 scho virgesi waren, ginn elo 2018 fir d’Jugendhaus um Cents investéiert. Och dat ass absolut begréissenswäert. Mir dierfen net vergiessen, dass déi Jonk eis a villem virausginn, zum Beispill a punkto nei Ideeën, Digitaliséierung a Participatioun (wéi och elo am Kader vun de Jugendforen däitlech gëtt, wéi mer am leschte City-Magasinn liese konnten), an dass mer net nëmmen en vue vun hirer Zukunft, mee och en vue vun eisem gemeinsame Léierprozess a vun hirer eegener aktueller Entwécklung nimools bei deene Jonke spueren dierfen, fir dass se sech gutt entfale kënnen a gutt encadréiert sinn.

An der «Intervention sociale» ass bei den «dépenses extraordinaires » den « aménagement d’un halte de nuit provisoire » an der Eecher Strooss virgesinn, an ech wëll nofroen, woufir dee provisoire ass a wéi et domat wäert weider goen. Et fällt och ënnert « Intégration et besoins spécifiques » deen héije Poste mat 900.000€ op fir de «centre de communication pour personnes sourdes et personnes malentendantes », wat ech ausdrécklech wëll ervirsträichen.

Am Wunnengsbau si mer bei 20.753.000€ fir 2018. Do si ganz flott Projeten derbäi, an et ass wichteg, dass mer am sozialen an abordable Wunnengsbau d’Prinzipie vun der Dezentraliséierung a vun der «mixité sociale» weider am Aa behalen. Mir ënnerstëtzen alles, wat derzou féiert, dass mer dëse Montant an deenen nächste Jore substantiell an d’Luucht setzen an eng ganz gewiichteg Prioritéit drop leeën. Do ginn et eng Rei Stellschrauwen, un deene mer dréine kënnen, wéi z.B. dass mer Aktionär si bei der SNHBM, de Ronnen Dësch iwwer d’Beschleunege vu Prozeduren, d’Zesummenaarbecht mat der AIS.

Zum Sport: e spillt am Moment eng ganz grouss Roll mam Bau vum nationale Futtballstadion a mam Plënnere vum «Service des Sports». Et ass wënschenswäert, dass des super Infrastrukture weiderhi begleet gi vun der lieweger Promotioun vum Sport, wéi ech et zum Beispill leschte Samschden um Belair bei de Coupe-Finallen am Volleyball erlieft hunn, déi vun der GYM Bouneweg organiséiert goufen.

An dir wäert mer sécher erlaben, ee klengen Ausfluch an d’Kultur ze maachen a mech driwwer ze freeën, dass mer hëllefen, déi nei Uergel vun der Kathedral ze bezuelen. Net eleng well et ee super Instrument ass mat enger enormer Traditioun, mee och well d’Kathedral eng Plaz bleift, déi onofhängeg vu reliéisem Interessi weiderhin een nevralgeschen Zentrum an der Stad duerstellt.

3. Meng kleng Conclusioun :

Ech gehéieren zu deenen, déi dëse Budget ënnerstëtzen.

Ech gehéieren zu deenen, déi besonnesch all weider Efforten am Sozialen ënnerstëtzen.

An ech gehéieren zu deenen, déi sech wënschen, dass mir als Stad Lëtzebuerg eng Virreiderroll an der Sozialpolitik iwwerhuelen an eis dofir och déi finanziell Moyene ginn. Ech wënsche mer, dass mer hei eise Know-how weider ausbauen an deen och mat anere Stied a Gemengen deelen. Well ech fannen, dass mer eng intelligent Sozialpolitik maachen, déi deene Mënschen hëlleft, déi a Nout sinn, an zugläich awer och um gudden Zesummeliewe vun eis all orientéiert ass.

Ech soen iech villmools Merci!

blog2

Prix du citoyen européen

D’Europäescht Parlament huet mer d’läscht Joer de « Prix du citoyen européen » fir Lëtzebuerg gi fir den Asaz fir d’Flüchtlingen a besonnesch dofir, dass ech duerch Young Caritas ganz vill Jonker an déi Aarbecht abannen. Et war eng beandrockend Zeremonie, souwuel zu Lëtzebuerg wéi och zu Bréissel, wou ech fantastesch Leit aus anere Länner kennegeléiert, de Martin Schulz begéint hunn an eng flott kuerz Entrevue mam Jean-Claude Juncker hat.