Hellegowend 2018 am Stall

Och dëst Joër erem: Hellegowend am Stall! Hei sinn all Infos an ENG GROUSS NEIEGKEET. Et ginn dest Joer nämlech 2 Feieren, an et muss een sech umelden. Mee opgepasst: d’Feier vu 17h00 ass scho voll (säit dem 4.12.), dofir gëtt et eng WAARDELËSCHT. An der Feier vun 18h30 ass nach genuch Plaz.

Hei geet et direkt bei d’Umeldung: UMELDUNG

Em wat geet et eis am Stall?

De Flair vu Chrëschtdag erementdecken: eng kleng Chrëschtveillée mat Musek, Geschichten an engem Gebiet, gestaltet vum Linda a vum Paul, mat Musek vum Joss, fir all déi, déi
– d’Atmosphär vu Chrëschtdag gären erliewen
– familiär iwwert den Dag verhënnert sinn an owes eng kleng Stëndchen Zäit hunn
– eppes anescht erliewe wëllen, ganz originell, an engem Stall bei de Béischten, ähnlech wéi et deemols vläicht wierklech war
– sech op ganz schéin Musek freeën

WAT ASS DËST JOER NEI?

– Mir maachen 2 Feieren (eng um 17h00 an eng um 18h30), a mir kënne fir all Feier maximal 100 Leit eraloossen.

– GANZ WICHTEG: ET MUSS EE SECH UMELDEN! Hei ass de Site: http://paulgalles.wixsite.com/hellegowend

Wa mer 100 Umeldungen erreecht hunn, setze mer iech op d’Waardelëscht a soen iech Bescheed.

Wichteg Infos:
– Wou et genau ass: zu Fëschbëch op 6, rue Grande-Duchesse Charlotte (7430 Fëschbëch)
– Wou der parke kënnt: 2 Méiglechkeeten: entweder uewen hannert der Kierch oder bei der Entrée aus Richtung Miersch
– Sprooch: Lëtzebuergesch (mee all Sprooche si wëllkomm)
– Wat et no der “Veillée” nach gëtt: Glühwäin a waarem Mëllech direkt vun der Kou, bio a fair gestrach! Eis Propose: dir brëngt är eegen Taass mat, da bleiwe mer nohalteg. Wee keng derbäi huet, kritt trotzdeem ee Becher vun eis.

Meng Arbecht am Stader Gemengeroot

Säit dem 4.Dezember 2017 sinn ech Conseiller am Stader Gemengeroot, an dat an der Fraktioun vun der CSV. Et mëcht mer immens vill Spaass, ech entdecke vill Neies, an et ass och vill Arbecht.

D’Wahle vum 8.Oktober 2017 si fir eis immens gutt ausgaangen, a no vill Engagement, vill Kontakt mat de Leit a mat engem flotte Programm hu mer 2 Sëtz bäigewonnen a konnte mat der DP an d’Koalitioun goen. Hei fannt der d’Resultater vun de Wahlen: https://elections.public.lu/fr/elections-communales/2017/resultats/communes/luxembourg.html Ech sinn “auf Anhieb” an de Gemengeroot gewielt ginn, wat mech immens frou gemaach huet, wat awer och eng grouss Eier a Verantwortung ass. Merci fir dat grousst Vertrauen!

An de Gemengerootssëtzungen engagéieren ech mech virun allem fir all sozial Themen, fir Partizipatioun a Jugend, fir d’Veräiner an de Sport, fir d’Schoul an d’Nohaltegkeet. Et ass mer wichteg, dass ech versiche, bescheiden ze sinn a vill nolauschteren, d’Positiounen vun all Mënsch seriö ze huelen, an den Dossieren vill Neies bäizeléieren, mat deenen Informatiounen responsabel an intelligent ëmzegoen an ëmmer méi meng Akzenter ze setzen.

Ech hu vill Chance, dass ech zu enger Fraktioun gehéieren, déi ech als dynamesch, opgeschloss, verjëngt a motivéiert erliewen. De Serge Wilmes als Eischte Schäffen an d’Isabel Wiseler-Lima an de Laurent Mosar als weider Membere vum Schäfferoot vertrieden eis Interessien op eng staark Aart a Weis. Eise Fraktiounsspriecher, de Maurice Bauer, huet mer de Wee an déi nei Aufgaben bereet a mer den Astiig ganz liicht gemaach. Ech sëtzen am Gemengeroot tëscht dem Claudine Konsbrück an dem Elisabeth Margue, wou ech hinne vill iwwer d’Schëller kucke kann a mer vill austausche kënnen. Hei gesitt der eis Fraktioun: https://stad.csv.lu/fr/partei/gemengerot/

An de Kommissiounen dierf ech Präsident vun “sports et loisirs” a Vize-Präsident vun der Sozialkommissioun sinn. Ausserdeem sinn ech nach an der Schoulkommissioun. Et ass vill wärt, an deem Kontext déi eenzel Servicer kennenzeléieren an hir Prioritéiten ze verstoen. Ech vertrieden eis Gemeng och nach am Syndikat vum SIDOR.

Ganz vill Spaass maache mer déi Geleeënheete, wou mer d’Leit an der Stad direkt treffen: bei Aweiungen, Visiten, Besichtegungen etc. Fir mech ass et och eng ganz besonnesch grouss Eier, dass ech an der Stad als Gemengeconseiller d’Leit bestueden dierf. Do kommen ech mat ville Familjen a Kontakt a kréie vill Gespréich iwwert hir Erwaardungen an Erfahrunge mat der Stad.

Fir weider Informatiounen: https://www.vdl.lu/la-ville/vie-politique/conseil-communal/membres/paul-galles

blog1

Young Caritas an Armenien

All Summer organiséiere mer bei Young Caritas europäesch « Youth exchanges » mat Erasmus plus. Dëse Summer ware mer an Armenien, wou ganz vill Flüchtlingen aus Syrien ukommen. Et sinn d’Nofahre vun deenen Armenier, déi nom Genozid 1915 a Syrien geflücht waren. Hei sinn e puer Fotoe vun dësem geniale Projet op eiser Facebook-Säit.

blog4

Economic forum of young leaders 2017

Ufank September war ech Invité op engem Panel um «Economic forum of young leaders 2017» zu Novy Sącz a Polen. Dëse Forum ass weltberühmt als «Davos fir Jonker» a versammelt 400 engagéiert Jonker. Ech konnt hinne vu mengen Erfarungen erzielen, wéi ee Mënsche fir eppes begeeschtert an se seriö hëlt. Virun allem hunn ech vill interessant Leit begéint a gemierkt, mat wéi vill Freed déi Jonk hir Responsabilitéit eescht huelen.