An d’Chamber gewielt

De 14.Oktober sinn ech bei de Nationalwahlen an d’Chamber gewielt ginn. Wat eng immens grouss Freed an Iwwerraschung ass, ass zugläich eng immens Verantwortung an eng ganz nei Aufgab, an déi ech mech elo aschaffe wëll. Ech spieren immens vill Vertrauen. Ganz besonnesch huet mech mäi Bopa beandrockt: well eppes mat der Bréifwahl schif gaange war, ass hie mat sengen 100 Joer op Wahlsonndeg mam Rollator a seng Gemeng getrëppelt an huet do gewielt.

Ech freeë mech drop a brénge meng Erfarunge mat. Ech wäert versichen, deenen eng Stëmm ze ginn, déi oft keng hunn. An et ass mer besonnesch wichteg, un eis Jonk ze denken, Nohaltegkeet konsequent seriö ze huelen a mengen 3 Grondwäerter trei ze bleiwen: der absoluter Würd vun all Persoun, der Solidaritéit vun der Gesellschaft an dem Schutz vun eiser Ëmwelt a Matwelt.

Wat d’Politik am grousse Ganze mer bedeit, hunn ech versicht, hei ze beschreiwen.

Super Artikel am Quotidien

Den 20.Dezember 2018 hat de Quotidien een immens respektvolle, schéinen Artikel iwwert mech bruecht, deen ech mat iech deele wëll. Fir si war et virun allem interessant, de roude Fuedem an d’Wäerter vum Engagement erauszefannen, dee vill méi grouss ass wéi all meng eenzel Beruffer.
Hei ass och de Link: http://www.lequotidien.lu/politique-et-societe/paul-galles-depute-csv-un-nouveau-sacerdoce-pour-lancien-pretre/

Lëtzebuerger vum Joer 2018?

Villmools Merci fir d‘Nominatioun zum „Lëtzebuerger vum Joer 2018“! A fir déi mega léif Beschreiwung, déi derbäi steet.
Zesumme z.B. mam Camille Gira, dem Gilles Muller, dem Superjhemp, dem Bob Jungels – dat ass scho mega cool! Ech fannen et immens léif, dass nieft all dësen Toppleeschtungen och de sozialen a mënschlechen Asaz fir eng lieweg Gesellschaft geéiert gëtt.
Ech wäert mech selwer net stëmme, well vill méi impressionnant „Helden“ derbäi sinn. Mee falls ech eng vun den 3 Medailen kréien, wäert ech se mengem 100-järege Bopa ginn. Hien ass mäi ganz perséinlechen Held 2018.

Hei ass de Link fir op de Voting vum RTL.

Merci iech all!
#letzebuergervumjoer2018 #letzebuergerinvumjoer2018 #bettertogether

Meng-Commissiounen

Meng Zoustännegkeeten an der Chamber

Ech sinn immens frou, dass ech vu menge Kolleg-innen aus der CSV d’Vertraue krut, fir an déi Kommissiounen ze goen, an deenen ech onbedéngt matschaffe wollt. Folgend Volete gehéieren elo zu menger parlamentarescher Aarbecht:

  • Kooperatioun, Immigratioun an Asyl
  • Famill an Integratioun
  • Ëmwelt a Klima
  • Education nationale, Enfance, Jugend, Enseignement supérieur a Recherche
  • Aarbecht, Emploi a Securité sociale
  • Petitiounen
  • Bei de «commissions réglementaires» sinn ech an der « commission des comptes ».
  • An op internationalem Plang sinn ech nach am «Conseil parlementaire interrégional».

Soziales, Nohaltegkeet, Jugend, Kontakt mam Bierger, demokratesch Participatioun – ech freeë mech drop!

telecran2-e1535996756737

De Bopa am Télécran

Den Télécran huet eng immens schéin a mega sympathesch Titelstory aus dem Bopa sengen 100 Joer gemaach!  Mat Gedichter, aale Fotoen, Familjegeschichten an engem geckegen Enkel! 
Mee d‘Helde vun deser Geschicht sinn déi Dausenden fläisseg Postkaarteschreiwer!  Zesumme hu se gewise, wat méiglech ass, wann een zesummen hält.  Wéi wichteg a wärtvoll eis eeler Leit an eis Familje sinn. ?‍?‍?‍?Wéi gäre mer anere Mënschen eng Freed maachen an dobäi och ganz Perséinleches deelen.  Kuckt iech dem Bopa säi Laachen un – et ass iech ze verdanken! 
Hei fannt der d‘Weltkaart, de Mosaik an d‘Kaarten: http://www.paulgalles.lu/100-joer-bopa/
#1000kaarten #100joer #1000kaartefir100joer #happybirthdaybopa

Hellegowend 2018 am Stall

Och dëst Joër erem: Hellegowend am Stall! Hei sinn all Infos an ENG GROUSS NEIEGKEET. Et ginn dest Joer nämlech 2 Feieren, an et muss een sech umelden. Mee opgepasst: d’Feier vu 17h00 ass scho voll (säit dem 4.12.), dofir gëtt et eng WAARDELËSCHT. An der Feier vun 18h30 ass nach genuch Plaz.

Hei geet et direkt bei d’Umeldung: UMELDUNG

Em wat geet et eis am Stall?

De Flair vu Chrëschtdag erementdecken: eng kleng Chrëschtveillée mat Musek, Geschichten an engem Gebiet, gestaltet vum Linda a vum Paul, mat Musek vum Joss, fir all déi, déi
– d’Atmosphär vu Chrëschtdag gären erliewen
– familiär iwwert den Dag verhënnert sinn an owes eng kleng Stëndchen Zäit hunn
– eppes anescht erliewe wëllen, ganz originell, an engem Stall bei de Béischten, ähnlech wéi et deemols vläicht wierklech war
– sech op ganz schéin Musek freeën

WAT ASS DËST JOER NEI?

– Mir maachen 2 Feieren (eng um 17h00 an eng um 18h30), a mir kënne fir all Feier maximal 100 Leit eraloossen.

– GANZ WICHTEG: ET MUSS EE SECH UMELDEN! Hei ass de Site: http://paulgalles.wixsite.com/hellegowend

Wa mer 100 Umeldungen erreecht hunn, setze mer iech op d’Waardelëscht a soen iech Bescheed.

Wichteg Infos:
– Wou et genau ass: zu Fëschbëch op 6, rue Grande-Duchesse Charlotte (7430 Fëschbëch)
– Wou der parke kënnt: 2 Méiglechkeeten: entweder uewen hannert der Kierch oder bei der Entrée aus Richtung Miersch
– Sprooch: Lëtzebuergesch (mee all Sprooche si wëllkomm)
– Wat et no der “Veillée” nach gëtt: Glühwäin a waarem Mëllech direkt vun der Kou, bio a fair gestrach! Eis Propose: dir brëngt är eegen Taass mat, da bleiwe mer nohalteg. Wee keng derbäi huet, kritt trotzdeem ee Becher vun eis.

Meng Arbecht am Stader Gemengeroot

Säit dem 4.Dezember 2017 sinn ech Conseiller am Stader Gemengeroot, an dat an der Fraktioun vun der CSV. Et mëcht mer immens vill Spaass, ech entdecke vill Neies, an et ass och vill Arbecht.

D’Wahle vum 8.Oktober 2017 si fir eis immens gutt ausgaangen, a no vill Engagement, vill Kontakt mat de Leit a mat engem flotte Programm hu mer 2 Sëtz bäigewonnen a konnte mat der DP an d’Koalitioun goen. Hei fannt der d’Resultater vun de Wahlen: https://elections.public.lu/fr/elections-communales/2017/resultats/communes/luxembourg.html Ech sinn “auf Anhieb” an de Gemengeroot gewielt ginn, wat mech immens frou gemaach huet, wat awer och eng grouss Eier a Verantwortung ass. Merci fir dat grousst Vertrauen!

An de Gemengerootssëtzungen engagéieren ech mech virun allem fir all sozial Themen, fir Partizipatioun a Jugend, fir d’Veräiner an de Sport, fir d’Schoul an d’Nohaltegkeet. Et ass mer wichteg, dass ech versiche, bescheiden ze sinn a vill nolauschteren, d’Positiounen vun all Mënsch seriö ze huelen, an den Dossieren vill Neies bäizeléieren, mat deenen Informatiounen responsabel an intelligent ëmzegoen an ëmmer méi meng Akzenter ze setzen.

Ech hu vill Chance, dass ech zu enger Fraktioun gehéieren, déi ech als dynamesch, opgeschloss, verjëngt a motivéiert erliewen. De Serge Wilmes als Eischte Schäffen an d’Isabel Wiseler-Lima an de Laurent Mosar als weider Membere vum Schäfferoot vertrieden eis Interessien op eng staark Aart a Weis. Eise Fraktiounsspriecher, de Maurice Bauer, huet mer de Wee an déi nei Aufgaben bereet a mer den Astiig ganz liicht gemaach. Ech sëtzen am Gemengeroot tëscht dem Claudine Konsbrück an dem Elisabeth Margue, wou ech hinne vill iwwer d’Schëller kucke kann a mer vill austausche kënnen. Hei gesitt der eis Fraktioun: https://stad.csv.lu/fr/partei/gemengerot/

An de Kommissiounen dierf ech Präsident vun “sports et loisirs” a Vize-Präsident vun der Sozialkommissioun sinn. Ausserdeem sinn ech nach an der Schoulkommissioun. Et ass vill wärt, an deem Kontext déi eenzel Servicer kennenzeléieren an hir Prioritéiten ze verstoen. Ech vertrieden eis Gemeng och nach am Syndikat vum SIDOR.

Ganz vill Spaass maache mer déi Geleeënheete, wou mer d’Leit an der Stad direkt treffen: bei Aweiungen, Visiten, Besichtegungen etc. Fir mech ass et och eng ganz besonnesch grouss Eier, dass ech an der Stad als Gemengeconseiller d’Leit bestueden dierf. Do kommen ech mat ville Familjen a Kontakt a kréie vill Gespréich iwwert hir Erwaardungen an Erfahrunge mat der Stad.

Fir weider Informatiounen: https://www.vdl.lu/la-ville/vie-politique/conseil-communal/membres/paul-galles

IMG_3490

Kandidat am Zentrum fir d’Chamberwahlen 2018

Dass ech gefrot gi si, fir als Kandidat am Zentrum mat der CSV mat an d’Chamberwahlen 2018 ze goen, ass fir mech eng grouss Eier. Wichteg ass mer virun allem, dass mer als Ekipp optrieden an eis zesumme fir eis Ideeën asetzen. Virun allem beandrockt mech, wéivill erfueren a motivéiert Mënsche bei eis op der Lëscht sinn. An ech sinn immens frou, dass eise Spëtzekandidat de Claude Wiseler ass, deen ech an all deene läschte Méint a Joren als immens kompetent, informéiert, waarmhärzeg, mënschlech, zougänglech, fair a motivéiert erlieft hunn. Wat kann ech mer méi wënschen fir esou eng immens wichteg a nei Erfahrung?!

Mir perséinlech ass et wichteg, dass d’Leit sech op eis verloosse kënnen, dass mer een detailléierten, kohärenten a staarke Plang fir Lëtzebuerg ausgeschafft hunn, dass mer ee faire Wahlkampf féieren an d’Leit an d’Ideeë vun deenen anere Parteien ze respektéieren an ze schätze wëssen. Politik ass kee Selbstzweck, mee een Dingscht. Dat hunn ech als Liewenshaltung geléiert, an dat wëll ech souwuel am Sozialen wéi och am Politesche liewen.

Méi Infos zu eisem Plang fir Lëtzebuerg, un deem mer zesumme geschafft hunn an un deem ech och matschaffen duerft, fannt der hei: csv.lu/wahlen-2018/

A méi zu mengen eegene politesche Prioritéiten fannt der hei: http://www.paulgalles.lu/politik/

Bopaech-e1534110121674

Mäi Bopa kritt 100 Joer

Den 21.August ass et souwäit: mäi Bopa kritt 100 Joer! Dofir wollt ech em eng ganz besonnesch Freed maachen: an deene läschte Wochen hat ech em souvill Postkaarte wéi méiglech gefrot, aus allen Ecker vum Land a vun der Welt! Hie konnt wéinst dem Krich ni vill reesen, mee interesséiert sech fir d’Geographie, besonnesch fir d’Flëss.

Dofir hunn d’Leit mat drop geschriwwen, wat fir eng Baach oder Floss bei hinne laanscht leeft.

A wësst der, wat geschitt ass?! D’Chance sti gutt, dass mer op ronn 2000 Kaarten aus der ganzer Welt kommen!! Hei ass de Link zur Facebook-Grupp, an där ech all Kaarten posten: www.facebook.com/events/200236727358976

An hei ass virun allem de Link zu enger Weltkaart, op där der gesitt, wou d’Kaarten iwwerall hirkommen a wat fir eng Flëss beschriwwe sinn: http://www.paulgalles.lu/100-joer-bopa/

Vläicht och, well ech gesot hat, dass ech fir all Postkaart perséinlech 1€ spende fir sozial Projete mat eelere Leit. 😀 Well vill Leit gefrot hunn, ob se zousätzlech eppes bäileeë kënnen, hunn ech eng Leetchi-Spendenkëscht gestart: “Zesumme fir d’Generatioun Bopa“, www.leetchi.com/c/zesumme-fir-dgeneratioun-bopa.