Villmools Merci fir d‘Nominatioun zum „Lëtzebuerger vum Joer 2018“! A fir déi mega léif Beschreiwung, déi derbäi steet.
Zesumme z.B. mam Camille Gira, dem Gilles Muller, dem Superjhemp, dem Bob Jungels – dat ass scho mega cool! Ech fannen et immens léif, dass nieft all dësen Toppleeschtungen och de sozialen a mënschlechen Asaz fir eng lieweg Gesellschaft geéiert gëtt.
Ech wäert mech selwer net stëmme, well vill méi impressionnant „Helden“ derbäi sinn. Mee falls ech eng vun den 3 Medailen kréien, wäert ech se mengem 100-järege Bopa ginn. Hien ass mäi ganz perséinlechen Held 2018.
Hei ass de Link fir op de Voting vum RTL.
Merci iech all!
#letzebuergervumjoer2018 #letzebuergerinvumjoer2018 #bettertogether