Author: admin

Home - Articles posted by admin ( - Page 2)

Budgetsdiskussioun 2018 am Gemengeroot

De 5.Februar hu mer am Stader Gemengeroot iwwer de Budget diskutéiert. Hei ass meng Interventioun, orientéiert um grousse Sënn an un der sozialer Verantwortung vun engem Budget.   Merci, Madamm Buergermeeschter, léif KollegInnen aus dem Gemengen- a Schäfferot! Ech wëll eppes Klenges soen an 3 Punkten: méi perséinlech méi konkret eng kleng Conclusioun 1. Ech hunn[...]
Read More

Prix du citoyen européen

D’Europäescht Parlament huet mer d’läscht Joer de « Prix du citoyen européen » fir Lëtzebuerg gi fir den Asaz fir d’Flüchtlingen a besonnesch dofir, dass ech duerch Young Caritas ganz vill Jonker an déi Aarbecht abannen. Et war eng beandrockend Zeremonie, souwuel zu Lëtzebuerg wéi och zu Bréissel, wou ech fantastesch Leit aus anere Länner kennegeléiert, de Martin Schulz begéint hunn[...]
Read More

Kandidat fir d’Gemengewahlen 2017

Ech si Kandidat fir d’Wahlen an der Gemeng Lëtzebuerg-Stad op der Lëscht vun der CSV. Ech wëll domat mäin Asaz fir déi méi Schwaach, fir dat sozialt Zesummeliewen, fir déi Jonk, de Benevolat an d’Participatioun zu Prioritéite vun der Stad Lëtzebuerg maachen. Ech léiere ganz vill bäi a freeë mech iwwert all Vertrauen an Ënnerstëtzung.   Eis ganz[...]
Read More

Young Caritas an Armenien

All Summer organiséiere mer bei Young Caritas europäesch « Youth exchanges » mat Erasmus plus. Dëse Summer ware mer an Armenien, wou ganz vill Flüchtlingen aus Syrien ukommen. Et sinn d’Nofahre vun deenen Armenier, déi nom Genozid 1915 a Syrien geflücht waren. Hei sinn e puer Fotoe vun dësem geniale Projet op eiser Facebook-Säit.
Read More

Economic forum of young leaders 2017

Ufank September war ech Invité op engem Panel um «Economic forum of young leaders 2017» zu Novy Sącz a Polen. Dëse Forum ass weltberühmt als «Davos fir Jonker» a versammelt 400 engagéiert Jonker. Ech konnt hinne vu mengen Erfarungen erzielen, wéi ee Mënsche fir eppes begeeschtert an se seriö hëlt. Virun allem hunn ech vill interessant Leit[...]
Read More