Mäi Bopa kritt 100 Joer
Den 21.August ass et souwäit: mäi Bopa kritt 100 Joer! ![]()
![]()
Dofir wollt ech em eng ganz besonnesch Freed maachen: an deene läschte Wochen hat ech em souvill Postkaarte wéi méiglech gefrot, aus allen Ecker vum Land a vun der Welt! Hie konnt wéinst dem Krich ni vill reesen, mee interesséiert sech fir d’Geographie, besonnesch fir d’Flëss. ![]()
![]()
![]()
Dofir hunn d’Leit mat drop geschriwwen, wat fir eng Baach oder Floss bei hinne laanscht leeft. ![]()
A wësst der, wat geschitt ass?! D’Chance sti gutt, dass mer op ronn 2000 Kaarten aus der ganzer Welt kommen!! Hei ass de Link zur Facebook-Grupp, an där ech all Kaarten posten: www.facebook.com/events/200236727358976
An hei ass virun allem de Link zu enger Weltkaart, op där der gesitt, wou d’Kaarten iwwerall hirkommen a wat fir eng Flëss beschriwwe sinn: http://www.paulgalles.lu/100-joer-bopa/
Vläicht och, well ech gesot hat, dass ech fir all Postkaart perséinlech 1€ spende fir sozial Projete mat eelere Leit. 😀 Well vill Leit gefrot hunn, ob se zousätzlech eppes bäileeë kënnen, hunn ech eng Leetchi-Spendenkëscht gestart: “Zesumme fir d’Generatioun Bopa“, www.leetchi.com/c/zesumme-fir-dgeneratioun-bopa.
