IMG_1726

Budgetsdiskussioun 2018 am Gemengeroot

De 5.Februar hu mer am Stader Gemengeroot iwwer de Budget diskutéiert. Hei ass meng Interventioun, orientéiert um grousse Sënn an un der sozialer Verantwortung vun engem Budget.

Merci, Madamm Buergermeeschter, léif KollegInnen aus dem Gemengen- a Schäfferot!

Ech wëll eppes Klenges soen an 3 Punkten:

  1. méi perséinlech
  2. méi konkret
  3. eng kleng Conclusioun

1.Ech hunn immense Respekt virun dësem Exercice a virun deene Leit, déi vill dru geschafft hunn, woufir ech hinne wëll häerzlech Merci soen. Nach ni a mengem zimlech beweegte Liewen hat ech d’Recht, d’Flicht an d’Verantwortung, iwwert souvill Sue mat ze diskutéieren an z’entscheeden.

Dofir wëll ech et kuerz an dee Kontext stellen, aus deem eraus ech als Newcomer des Budgetsdiskussiounen erliewen. Ech hunn oft genuch a Länner an op Plaze matgelieft, an deenen d’Leit kee Su hunn oder wou et hinnen u villem feelt. Dat huet mech a meng Vue op d’Liewen verännert. Wat mech an dësen Deeg dofir besonnesch beandrockt, ass, wat fir eng immens Chance mir hunn, kënnen hei an der Stad op esou enorm grouss finanziell Ressourcen zréckzegräifen! An dann ass et fir mech selbstverständlech, dass mer eis Gedanke maachen, wéi mer dëse grousse favorable Makrokontext schütze kënnen, wéi de Maurice Bauer an de Laurent Mosar et an hiren Interventiounen däitlech gemaach hunn.

Iwwerhaapt waren hir Reflektiounen zur Finanzplaz an zur globaler Finanzlag fir mech immens interessant. Bis elo hunn ech ee Budget ëmmer virun allem ënnert deem Aspekt gekuckt, wat een domat alles bewierke kann. Hei gesinn ech, wéi wichteg et ass, en ofzesécheren. Ech nennen dat einfach mol Realpolitik.

Déi finanziell Mëttelen, déi mer der Stad ginn, déngen derzou, ee Kontext opzebauen, an deem d’Mënschen, fir déi mer eng Verantwortung hunn, sech kënnen entfalen a kënnen zefridden a glécklech liewen. Domat hu mer eng immens grouss Responsabilitéit, wéi ech fannen. Mee dat mécht och erëm bewosst, wat d’Stäerkten an d’Grenze vun engem Budget sinn. Seng Stäerkten: dass mer mat dëse finanzielle Mëttelen eng ganzer Rei Mënsche vill Suerge kënnen ewech huelen (an dat kënnen der immens, immens vill sinn, op déi mer musse ganz opmierksam bleiwen) an dass mer de Mënschen d’Bedingunge ginn, fir dass se sech an der Stad wuel fillen. Fir dass se gären hei liewen. An do schéngt hannert dem Budget fir mech dat grousst Zil op, vläicht déi grouss Visioun, hoffentlech keng Utopie, déi hannen um Enn eben net méi kann an Zuelen an an Euroe gefaasst ginn: nämlech ee frout Zesummeliewen, sou eppes wéi eng grouss Communautéit ze sinn; wou mer d’Stad erliewen als eng Heemecht, an där all Mënsch wëllkomm ass: eng Stad, an där et keng sozial Ongerechtegkeete gëtt, wou déi besser Situéiert och gären a fräiwëlleg mat un déi denken, déi am Liewe manner Chance haten. Eng Stad, déi dozou motivéiert, sech wëlle fir d’Zesummeliewen z’engagéieren. An da si mer op eemol bei all deene Saachen, déi sou ee Budget och erméigleche soll, ouni dass se nach mat Suen opzeweie sinn: all Ouer, wat nolauschtert, all Hand, déi gereecht gëtt, all Laachen a Moien-Soen, all Idee an all Benevolat an all Participatioun, asw. an sou virun, alles – wéi de Fernand Wark géif soe – wat d’Liewe liewenswäert mécht.

2. Zu den Zuelen am Budgetsentworf an zu deene Beräicher, déi mech besonnesch concernéieren: Soziales, Jugend a Sport.

Ech hunn dat Soziaalt eraus gelies aus der Budgetsfonctioun « Protection sociale » mat zum Beispill de Budgetsposten «Seniors», «Intervention sociale», «Intégration » a « Jeunesse », an aus der Budgetsfonctioun «Logements». Ech picken e puer Saachen eraus.

Bei «Seniors» ginn ech dervun aus, dass d’«Honoraires de consultance externe » sech op eng Etüd fir den Téléalarme bezéien a wollt froen, ob ech domat richteg leien a wat genau studéiert gëtt. D’Moderniséierung vun den Zëmmeren am Konviktsgaart geet virun; dat ass absolut begréissenswäert.

Zur «Jeunesse»: déi 25.000€, déi am Budget 2017 scho virgesi waren, ginn elo 2018 fir d’Jugendhaus um Cents investéiert. Och dat ass absolut begréissenswäert. Mir dierfen net vergiessen, dass déi Jonk eis a villem virausginn, zum Beispill a punkto nei Ideeën, Digitaliséierung a Participatioun (wéi och elo am Kader vun de Jugendforen däitlech gëtt, wéi mer am leschte City-Magasinn liese konnten), an dass mer net nëmmen en vue vun hirer Zukunft, mee och en vue vun eisem gemeinsame Léierprozess a vun hirer eegener aktueller Entwécklung nimools bei deene Jonke spueren dierfen, fir dass se sech gutt entfale kënnen a gutt encadréiert sinn.

An der «Intervention sociale» ass bei den «dépenses extraordinaires » den « aménagement d’un halte de nuit provisoire » an der Eecher Strooss virgesinn, an ech wëll nofroen, woufir dee provisoire ass a wéi et domat wäert weider goen. Et fällt och ënnert « Intégration et besoins spécifiques » deen héije Poste mat 900.000€ op fir de «centre de communication pour personnes sourdes et personnes malentendantes », wat ech ausdrécklech wëll ervirsträichen.

Am Wunnengsbau si mer bei 20.753.000€ fir 2018. Do si ganz flott Projeten derbäi, an et ass wichteg, dass mer am sozialen an abordable Wunnengsbau d’Prinzipie vun der Dezentraliséierung a vun der «mixité sociale» weider am Aa behalen. Mir ënnerstëtzen alles, wat derzou féiert, dass mer dëse Montant an deenen nächste Jore substantiell an d’Luucht setzen an eng ganz gewiichteg Prioritéit drop leeën. Do ginn et eng Rei Stellschrauwen, un deene mer dréine kënnen, wéi z.B. dass mer Aktionär si bei der SNHBM, de Ronnen Dësch iwwer d’Beschleunege vu Prozeduren, d’Zesummenaarbecht mat der AIS.

Zum Sport: e spillt am Moment eng ganz grouss Roll mam Bau vum nationale Futtballstadion a mam Plënnere vum «Service des Sports». Et ass wënschenswäert, dass des super Infrastrukture weiderhi begleet gi vun der lieweger Promotioun vum Sport, wéi ech et zum Beispill leschte Samschden um Belair bei de Coupe-Finallen am Volleyball erlieft hunn, déi vun der GYM Bouneweg organiséiert goufen.

An dir wäert mer sécher erlaben, ee klengen Ausfluch an d’Kultur ze maachen a mech driwwer ze freeën, dass mer hëllefen, déi nei Uergel vun der Kathedral ze bezuelen. Net eleng well et ee super Instrument ass mat enger enormer Traditioun, mee och well d’Kathedral eng Plaz bleift, déi onofhängeg vu reliéisem Interessi weiderhin een nevralgeschen Zentrum an der Stad duerstellt.

3. Meng kleng Conclusioun :

Ech gehéieren zu deenen, déi dëse Budget ënnerstëtzen.

Ech gehéieren zu deenen, déi besonnesch all weider Efforten am Sozialen ënnerstëtzen.

An ech gehéieren zu deenen, déi sech wënschen, dass mir als Stad Lëtzebuerg eng Virreiderroll an der Sozialpolitik iwwerhuelen an eis dofir och déi finanziell Moyene ginn. Ech wënsche mer, dass mer hei eise Know-how weider ausbauen an deen och mat anere Stied a Gemengen deelen. Well ech fannen, dass mer eng intelligent Sozialpolitik maachen, déi deene Mënschen hëlleft, déi a Nout sinn, an zugläich awer och um gudden Zesummeliewe vun eis all orientéiert ass.

Ech soen iech villmools Merci!

blog2

Prix du citoyen européen

D’Europäescht Parlament huet mer d’läscht Joer de « Prix du citoyen européen » fir Lëtzebuerg gi fir den Asaz fir d’Flüchtlingen a besonnesch dofir, dass ech duerch Young Caritas ganz vill Jonker an déi Aarbecht abannen. Et war eng beandrockend Zeremonie, souwuel zu Lëtzebuerg wéi och zu Bréissel, wou ech fantastesch Leit aus anere Länner kennegeléiert, de Martin Schulz begéint hunn an eng flott kuerz Entrevue mam Jean-Claude Juncker hat.

blog3

Kandidat fir d’Gemengewahlen 2017

Ech si Kandidat fir d’Wahlen an der Gemeng Lëtzebuerg-Stad op der Lëscht vun der CSV. Ech wëll domat mäin Asaz fir déi méi Schwaach, fir dat sozialt Zesummeliewen, fir déi Jonk, de Benevolat an d’Participatioun zu Prioritéite vun der Stad Lëtzebuerg maachen. Ech léiere ganz vill bäi a freeë mech iwwert all Vertrauen an Ënnerstëtzung.

Eis ganz Lëscht mat deem jonken a wierklech dynamesche Spëtzekandidat Serge Wilmes an och eise Programm fannt der hei:
https://stad.csv.lu/ons-kandidaten-ons-equipe-kompetent-dynamesch-engageiert/

blog1

Young Caritas an Armenien

All Summer organiséiere mer bei Young Caritas europäesch « Youth exchanges » mat Erasmus plus. Dëse Summer ware mer an Armenien, wou ganz vill Flüchtlingen aus Syrien ukommen. Et sinn d’Nofahre vun deenen Armenier, déi nom Genozid 1915 a Syrien geflücht waren. Hei sinn e puer Fotoe vun dësem geniale Projet op eiser Facebook-Säit.

blog4

Economic forum of young leaders 2017

Ufank September war ech Invité op engem Panel um «Economic forum of young leaders 2017» zu Novy Sącz a Polen. Dëse Forum ass weltberühmt als «Davos fir Jonker» a versammelt 400 engagéiert Jonker. Ech konnt hinne vu mengen Erfarungen erzielen, wéi ee Mënsche fir eppes begeeschtert an se seriö hëlt. Virun allem hunn ech vill interessant Leit begéint a gemierkt, mat wéi vill Freed déi Jonk hir Responsabilitéit eescht huelen.